Planéitentafel

Vu Wikipedia

Ënner enger Planéitentafel versteet een eng Graphik, mat där d'Beweegung vun der Sonn, de Planéiten an och vum Äerdmound souwéi vun den Zwergplanéiten iwwer e bestëmmten Zäitraum graphesch dokumentéiert gëtt. Bei enger Planéitentafel enthält déi eng Achs vum Diagramm ëmmer een Zäitwäert. Op der anerer Achs fënnt een d'Rektaszensioun, d'ekliptesch Längt oder Sonnenelongatioun.

Op eng Duerstellung vun der Deklinatioun oder ekliptescher Breet gëtt am Normalfall bei Planéitentafele verzicht, well dat d'Graphik meeschtens oniwwersiichtlech mécht an d'Planéite sech ëmmer an der Géigend vun der Ekliptik ophalen.

Eng Planéitentafel ass net mat enger Ephemerid ze vergläichen.