Planéiteschleef

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Schematesch Animatioun vun der Marsschleef. D'Äerd (E) zitt laanscht de Mars (M), wouduerch déi visuell Positioun vum Mars (M') eng Zréckbewegung mécht.

Als Planéiteschleef oder Oppositiounsschleef nennt een dee Phenomen, dee jiddwer ieweschte Planéit (Mars bis Neptun) an de Méint ëm seng Oppositioun, d. h. wann hie vun der Äerd aus gesinn mat der Sonn e Wénkel vun 180° aschléisst, um Stärenhimmel visuell zréckwandert, fir spéider seng rechtleefeg Bunn nees virunzesetzen. Dat geschitt, well d'Äerd op der "bannenzeger Bunn" méi séier ass. Doduerch schéngt den observéierte Planéit op der Plaz stoen ze bleiwen a seng Bewegungsrichtung dann ëmzekéieren. Och all ënneschte Planéit (Merkur a Venus) verhale sech sou am Beräich vun hirer ënneschter Konjunktioun, well deen dann d'Äerd iwwerhëlt.

Dem Jupiter seng bal all 13 Méint duerchlafe Planéiteschleef um Stärenhimmel (vun der Südhemispher gesinn; vun der Nordhemispher gesi wier déi rechtleefeg Bewegung vu riets no lénks)
D'Marsoppositioune vun 2003 bis 2018. Relativ Bewegung vum Mars zu der Äerd, mat der Äerd am Zentrum. Usiicht op d'Ekliptik.

Am ale Babylon huet een d'Réckwäertsbewegungen vun de Planéiten duerch Extrapolatioun vun hire fréiere Bunnen prognostizéiert. Am Hellenismus hunn d'Astronomen dunn eng Theorie vu Planéitebewegungen, déi sougenannt Epizykeltheorie entwéckelt, déi eng ganz genee d'Prognos vu Planéiteschleefen erlaabt huet. An der fréier Neizäit, am heliozentresche System vum Nicolaus Copernicus, goufen dunn d'Planéiteschleefen op eng Aart a Weis erkläert, wéi mer s'och haut nach fir richteg halen: Wann ee vun den ieweschte Planéiten vis-à vis vun der Sonn steet ("an Oppositioun steet"), da steet d'Äerd tëscht him an der Sonn. Wéinst hirem méi séieren Ëmlaf iwwerhëlt d'Äerd den distanzéierte Planéit bannen, soudatt dee sech fir e puer Woche visuell réckleefeg ("retrograd") beweegt.

Wann d'Äerd sech virum Iwwerhuele genee op de Planéit zoubeweegt, schéngt hien e puer Deeg virum Stärenhannergrond stoen ze bleiwen (am Bild de Punkt S1). E puer Méint méi spéit, nodeem d'Äerd de Planéit iwwerholl huet, leeft si vum Planéit ewech, an en zweete Stop trëtt an (S2).

D'Ëmkéierpunkte bei deene sech e Planéit fir e puer Deeg bal net weiderbeweegt, nennt ee "Stëllstand". Well awer d'Bunnepläng vun de Planéiten net exakt mat der Ekliptik zesummefalen, handelt et sech streng geholl ëm Stëllstänn an ekliptikaler Längt. Wéinst den Ännerunge vun der ekliptikaler Breet während dem Stëllstand kritt déi visuell Bunn amplaz vu richtegen Ëmkéierpunkten eng Schleefform. Sou Oppositiounsschleefe loossen sech ganz gutt beim Mars observéieren.

Wann zwéi Planéiten an der Zäit ëm hir Oppositioun datselwecht Stärebild duerchwanderen, kann et virkommen, datt sech hir Schleefen iwwerlageren a si sech net nëmmen eemol, mä dräimol begéinen; dat gëtt dann dräifach Konjunktioun genannt. All puer Joerhonnerte geschitt dat fir de Jupiter an de Saturn.

Konstruktioun vun enger Planéiteschleef[änneren | Quelltext änneren]

Planéiteschleefkonstruktioun vun engem ieweschte Planéit

D'Bild niewendrun weist déi visuell schleefefërmeg Bunn fir d'Bewegung vun der Äerd ëm d'Sonn. Déi schleefefërmeg Bunn ergëtt sech duerch eng Projektioun vun der Bewegung vum vergläichsweis noe Planéit op den Hannergrond vun de Stären déi wäit ewechleien. Si ergëtt sech also duerch d'Parallax tëscht Äerd, Planéit a Fixstären-Hannergrond.

An engem halwe Joer leet eis Äerd d'Streck vun de Punkten 2 bis 14 zréck (kuckt Bild ënnen). Am selwechten Zäitraum leet dee Planeit dee méi wäit vun der Sonn ewechläit (d. h. ieweschte) wéinst senger méi klenger mëttlerer Orbitalvitesse méi eng méi kuerz Streck zréck, déi zousätzlech duerch déi méi grouss Distanz däitlech manner gekrëmmt ass.

Wann een elo d'Punkte mat den entspriechenden Zäitpunkte verbënnt an de de Stral op de Fixstärenhannergrond verlängert, dann ergëtt sech visuell, vun de Punkten 1 bis 3 eng gläichlafend, vun de Punkten 3 bis 5 eng réckleefeg a vun de Punkte 5 bis 7 nees eng gläichlafend Bewegung. Déi entspriechend Projektioun op de Fixstärenhannergrond ergëtt déi schleefefërmeg Bunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]