Planemo

Vu Wikipedia
Planemo (am weidere Sënn) OGLE-2005-BLG-390Lb

Als Planemo (vum engleschen: planetary mass object, Objet vun enger Planéitemass) am weidere Sënn bezeechent een zanter dem Joer 2005 Objete enger Klass vun Himmelskierper, deenen hir ënnescht Gréisstegrenz doduerch definéiert ass, datt déi eege Gravitatioun grouss genuch ass, fir se an eng bal kugelfërmeg Gestalt ze zwéngen, an hir iewescht Grenz doduerch definéiert ass, datt d'Mass net duergeet, fir am Kär eng stellar Kärfusioun ze zünden (wéi bei deenen doduerch opliichtende Stären). Zu de Planemos gehéiere sou gréisser Mounden, Zwergplanéiten, Planéiten, Exoplanéiten a kleng Brong Zwergen.

Ënner Planemo am engste Sënn versteet een nëmmen Objete mat den uewe genannten Eegenschaften, déi ëm e Stär kreesen. Fir sou vagabundéierend Kierper gouf et virdrun keng Bezeechnung, bis de Begrëff „Planemo“ vum Astronom Ray Jayawardhana virgeschloe gouf.

D'MACHO-Hypothees hëlt un, datt Planemos e nennenswerten Deel vun der donkeler Matière am Universum duerstellen.

Gréisser Planemos sinn als Brong Zwerge wuel nëmmen an hirer Entsteeungsphas opzefannen, well si sech bei hirem Schrumpfprozess duerch Gravitatiounsenergie, déi sech fräi mécht, erhëtzen an doduerch opliichten. Kal Planemos si wéinst hirem Liichtmanktem –schwéier ze fannen. Eenzel Planemoen kënnen zwar Planéiten hunn, awer Liewen kann op der Uewerfläch wéinst Liicht- a Wäermtmangel kaum ofgehale ginn.

Bekannt Beispiller fir vagabundéierend Planemos, also déi, wou kee Stär ëmkreesen, sinn Sigma Orionis 70 an Cha 110913-773444.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Planets – Biller, Videoen oder Audiodateien