Op den Inhalt sprangen

Mouvement luxembourgeois pour le planning familial et l'éducation sexuelle

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Planning familial)
Planning familial
Rechtsform Association sans but lucratif
Sëtz Lëtzebuerg
  6-8, Rue de la Fonderie
Presidentin Fatima Rougi
RCS F868

Planning familial, virun 2020 Mouvement luxembourgeois pour le planning familial et l'éducation sexuelle, ass eng lëtzebuergesch ASBL déi sech ëm Familljeplanifikatioun bekëmmert. Se gouf den 1. Juni 1965 gegrënnt an huet als Zil – net nëmme jonk – Leit opzeklären, z'ënnersichen an ze beroden, virun allem a Saache Sexualitéit, Schwangerschaftsverhiddung a Partnerschaft.

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptziler vum Veräin sinn:

„L'Association, ayant la conviction que la connaissance en matière de sexualité et de reproduction et un accès aux informations et aux services dans ces domaines sont des droits humains fondamentaux, a les objectifs suivants:

  • a) Défendre les droits des personnes à faire, en matière de sexualité et de reproduction, des choix personnels et informés, responsables, libres de toute forme de coercition et de
  • violence, fondés sur l'égalité, le respect, la dignité et l'intégrité physique;
  • b) Plaider pour que chacune et chacun disposent des moyens pour exercer ses choix en matière de vie affective, sexuelle et reproductive;
  • c) Mettre à disposition des personnes des moyens pour exercer leurs choix en matière de vie affective, sexuelle et reproductive;
  • d) Faciliter l'accès à l'information, l'éducation et les services de santé affective, sexuelle et reproductive;
  • e) Assurer et développer l'éducation sexuelle, reproductive et affective en tant que droit humain fondamental;
  • f) Accueillir chaque personne sans discrimination, ni stigmatisation aucune, et notamment sans distinction fondée sur les nationalité, origine ethnique, âge, état civil, sexe, sexualité,
  • identité de genre, orientation sexuelle, caractères sexués, genre, handicap, état de santé, religion, conviction philosophique et politique, situation financière, légale et sociale.“
Art. 3 vun de Statute vum 8. Januar 2020

1967 huet deen éischte Centre de Planning Familial, nom Virbild vun deem zu Bréissel, an der Stad seng Dieren opgemaach. Méi spéit koumen der zu Esch-Uelzecht an Ettelbréck no. Et gouf jorelaang Diskussiounen doriwwer, ob do och e Gynekolog kéint praktizéieren. Jorelaang huet de Planning sech och misse géint kierchlech Kreesser wieren, déi him virgeworf hunn, d'Famill ze zersetzen an d'Leit zur Débauche ze verféieren, dat alles, well seng laangjäreg Direktesch, d'Doktesch Marie-Paule Molitor-Peffer op RTL-Radio an direkter Sprooch Opklärungssendunge gemaach huet, a Fraen, och jonk Meedercher, beim Planning d'Pëll verschriwwe kruten.

Am éischte Joer hu genee 23 Leit (deemools wéi haut virun allem Fraen) de Planning besicht, 1970 waren et der schonn 2.000 an am Joer 2005 24.000.

Och a Frankräich, der Belsch an der Schwäiz gëtt et Associatioune mat engem Numm an enger Zilsetzung, déi bal d'selwecht sinn.

Presidentinnen a President

[änneren | Quelltext änneren]
Vun bis Presidentin
1965 1967 René Gregorius[1]
1967 1992 Marie-Paule Molitor-Peffer[1]
1992 1999 Mady Roulleaux[1]
1999 2015 Danielle Igniti
2015 2025 Ainhoa Achutegui[2]
2025 haut Fatima Rougi[3]
 Commons: Family planning – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 "Marie-Paule Molitor-Peffer," In: d'Letzeburger Land, 39. Jg., nº 13 (27.03.1992), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Ainhoa Achutegui succède à Danielle Igniti, paperjam.lu, 29. Januar 2015.
  3. Fatima Rougi devient présidente du Planning familial. lequotidien.lu, 26.06.2025.