Planum Boreum

Vu Wikipedia
Planum Boreum
3D-Kaart, berechent aus Daten opgeholl vum Mars Global Surveyor.
Eegenschaften
Regioun Planum Boreum
Breet 87,32
Längt 54,96
Duerchmiesser 350 km
Déift ? m
Alter ?

De Planum Boreum ass e Gebitt ëm den Nordpol vum Mars, dat vum Vastitas Borealis begrenzt gëtt. D'Géigestéck um Südpol ass de Planum Australe.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Planum Boreum – d'Nordflaachland – leet sech of vum Laténgeschen Adjektiv planus (flaach) respektiv vum Altgriicheschen πλάνος a vu Boreas.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Planum Boreum läit an engem breede Baseng (inoffiziell bezeechent als Borealis-Baseng) nërdlech vun 78,5° nërdlecher Breet; et ass bei 88° Nord a 15° Ost zentréiert. Dat südlech uschléissend, 1400 Kilometer breet Band vun der Vastitas Borealis reecht bis 54,7 ° nërdlecher Breet erof an dominéiert d'Nordhemisphär. De Planum Boreum gëtt duerch déi doumaarteg, bis zu 2, maximal 3 Kilometer déck Äisschichte vun der nërdlecher Äiskap bestëmmt, déi haaptsächlech aus Waasseräis an eppes Stëbs (vu reng bis graffkäreg) opgebaut sinn. Wärend dem Nordwanter gëtt d'Äiskap vun enger 1 Meter décker Couche vun Dréchenäis (feste Kuelestoffdioxid) agepaakt. De ganze Volume vun der Äiskap ass 1,12 Millioune Kubikkilometer. Hir Uewerfläch ass annerhallef mol sou grouss wéi Texas an huet en Duerchmiesser vun 1200 Kilometer. D'Ausdeenung vun den Äismassen ënnerläit joreszäitleche Schwankunge mat engem Maximum am Ufank vum Marsfréijoer an engem Minimum am Spéitsummer.

De Planum Boreum formt en extreem flaache Baseng. Berechnunge weisen, datt et mat enger Lithosphärendéckt vu méi wéi 300 Kilometer am Flexurgläichgewiicht steet.

Opfälleg sinn d'Spiralrillen – spiralfërmeg Aschnëtter an der Äisdecken – inklusiv dem 460 km laangen, a bis zu 100 km breeden an ongeféier 2 km déiwe Gruef Chasma Boreale . D'Spiralrillen entstoungen duerch d'Awierkung vu katabatesche Fallwënn am Zesummewierke mat Ablatioun respektiv Sublimatioun duerch Sonnenastralung. D'Rille sti bal vertikal zu der Wandrichtung. Duerch d'Coriolis-Kraaft ginn d'Stierm déi vum Nordpol no Süde blosen ofgelenkt, wouduerch Spiralmuster entsteet. Am Laf vun der Zäit wanderen d'Spiralrillen a Richtung Nordpol – sou hu sech d'Rillen am Zentralberäich an de leschten 2 Millioune Joer ëm 65 Kilometer verlagert. De Chasma Boreale ass e méi alen a wäit méi grousse Canyon, dee parallel zu der Haaptwandrichtung verleeft.

D'Uewerflächenzesummesetzung vun der Nordpolkap gouf am Marsfréijoer no där am Wanter erfollegter Dréchenäisakkumulatioun vun der Ëmlafbunn aus ënnersicht. Déi baussenzeg Ränner vun der Äiskap déi haaptsächlech aus Waasseräis bestinn, si mat bis zu 0,15% Stëbs verknascht. Op de Pol zou hëlt de Waasseräisgehalt vun der Uewerfläch of a gëtt vun Dréchenäis ersat. Gläichzäiteg verklengert sech och de Stëbs. Um Pol selwer ass d'Uewerfläch haaptsächlech rengt Dréchenäis mat engem minimalen Deel vun 30 ppm Waasseräis.

Markant Terrainformen[änneren | Quelltext änneren]

Nordpolkap a Planum Boreum, ëmginn vun Vastitas Borealis a blo

Extremen Terrain vum Planum Boreum ass de Chasma Boreale, e risege Gruef an der Nordpolkap. Deen 100 Kilometer breede a bis zu 2 Kilometer déiwe Canyon huet op senge Säitewänn d'Uewerflächenäis an déi Nordpolschichtoflagerunge fräigeluecht. Westlech vum Chasma Boreale bilt de Planum Boreum géigeniwwer dem Déifland vum Vastitas Borealis eng markant Terrainstuf, déi gewéinlech 250 bis 300 a plazeweis bis zu 1000 Meter Héicht erreeche kann. Weider bausse léist se sech dann an enger Usammlung vu Mesaen an Träch op. Déi südlech duerch de Chasma Boreale ofgetrennt Äiszong gëtt als Gemina Lingula bezeechent.

Südlech vum Planum Boreum schléisst sech den Olympia Planum un, dat tëscht 85° a 75° nërdlecher Breet vu risege Sanddünen, dem Olympia Undae, ausgefëllt gëtt. Weider Dünefelder sinn Abalos Undae an Hyperboreae Undae. Olympia Undae, dat gréisst vun dëse Felder, erstreckt sech vun 100° bis 240° Längt, Abalos Undae läigt tëscht 261° bis 280° Längt an Hyperboreae Undae tëscht 311° bis 341° Längt.

Lawinen[änneren | Quelltext änneren]

Falschfaarwefoto vun enger Lawin um Äisrand

D'High Resolution Imaging Science Experiment (HiRISE) konnt véier Lawinenofgäng iwwer e 700 Meter héije géien Hank observéieren. D'Stëbswollek vu rengem Suspensiounsmaterial ass 180 Meter breet an erreecht vum Fouss vum Hank aus gemooss eng Distanz vun 190 Meter. An de roude Schichten ass Waasseräis, wougéint déi wäiss Schichten aus Kuelendioxidfrascht bestinn. D'Lawin ass kloer vun der ieweschter rouder Schicht ofgaangen.

Periodesch Rankwollek[änneren | Quelltext änneren]

Hubble-Foto vun enger kolossaler Wollekformatioun iwwer dem Nordpol vum Mars

All Marsjoer kënnt zur selwechter Zäit eng Rankwollek vu konstanter Gréisst iwwer d'Nordpolregioun. Si bilt sech Mueres a léist sech dann am Verlaf vum Nomëtteg nees op. De baussenzegen Duerchmiesser vun der Wollek huet ronn 1000 Kilometer, den Duerchmiesser vum bannenzegen A huet 320 Kilometer. Well déi Rankwollek warscheinlech Waasseräis huet, ass si am Ënnerscheed zu Stëbstierm wäiss.

D'Rankwollek gläicht engem zykloneschen Hurrikan, mécht awer keng Rotatiounsbeewegung. Si entsteet wärend dem Nordsummer an héije Breeden. Hir Existenz däerft mat den eenzegaartege klimatesche Bedéngungen um Nordpol a Verbindung stoen. Zyklonen um Mars goufe scho vun de Viking-Sonden opgeholl. D'Gréisst vun der Rankwollek ass awer dräimol méi grouss. D'Rankwollek gouf vu verschiddene Sonde registréiert, ënner aneren och vum Hubble am Joer 1999 a vum Mars Global Surveyor.

Areologie[änneren | Quelltext änneren]

Den areologeschen Ënnergrond vum Planum Boreum gëtt vu Schichtoflagerunge vum Hesperium (Eenheet Hpu) gebilt. D'Schichtpäck am Dekameterberäich sinn am Dallbuedem vum Chasma Boreale an an de Rupes Tenuis opgeschloss. Si gi vun de Schichtoflagerunge vum Amazonium (Eenheet Apu), déi den Haaptdeel vum Äisschëld opbauen, iwwerlagert. Doriwwer leeë sech déi jonkamazonesch Äislagen (Eenheet lApc), déi net méi wéi 2 Meter déck ginn. Déi jonkamazonesch Sanddüneformatioune wéi beispillsweis den Olympia Dunae (Eenheet lApd) leie baussenzeg vum Äisschëld. Et gëtt Seif-, Barchan- an aner Dünentyppen am Dekameterberäich a Permafrostplaze sinn och net rar. Si iwwerdecken entweeder späthesperesch Déiflandsedimenter lHl, hesperesch Schichtoflagerungen Hpu, mëttel- bis spéitamazonesch Schichtoflagerunge vum Äisschëld Apu oder rau hesperesch Konstrukter Hpe vun der Scandia Cavi a Scandia Tholi.

Dem jonkamazoneschen Äisschëld gëtt en Alter vu manner wéi 10 Millioune Joer zougewisen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Planum Boreum – Biller, Videoen oder Audiodateien