Pol Michels

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pol Michels
Gebuer 8. Dezember 1897
Hollerech
Gestuerwen 2. Mee 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Riichter
De Pol Michels

De Pol Michels, och Paul Michels, gebuer den 8. Dezember 1897 zu Hollerech, gestuerwen den 2. Mee 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.

No sengem Secondaire, déi hie vun 1910 bis 1916 am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg gemaach huet, huet hie vun 1917 bis 1924 Literatur an Droit op den Universitéite vu Berlin, München, Paräis an Nanzeg studéiert.

Vun 1926 bis 1927 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg[1].

An der Magistratur huet hie follgend Nominatioune krut:

  • 1928: stellvertriedene Riichter um Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg[2].
  • 1929: Friddensriichter zu Esch-Uelzecht[3]. (Krut méi spéit am Joer de Rang vum Riichter vum Bezierksgeriicht zougesprach[4].)
  • 1934: Friddensriichter vum Kanton Lëtzebuerg[5].
  • 1935: Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg[6].
  • 1938: Riichtercommissaire fir Kollokatiounsverfahren um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg[7].
  • 1940: Friddensriichter vum Kanton Lëtzebuerg[8].

Am Zweete Weltkrich, wéi Lëtzebuerg ënner daïtscher Besatzung war, huet hie weider als Riichter geschafft. Wéinst senger Däitschfrëndlechkeet gouf him, no der Befreiung vu Lëtzebuerg, de Prozess gemaach. Hie gouf zu enger Geld- a Prisongsstrof verurteelt, krut awer 1949 eng Begnodegung.

Nom Krich war hie Mataarbechter vun der satirescher Zeitung "De Peck-Villchen".

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg
  2. Groussherzogleche Beschloss vum 7. Januar 1928, publizéiert am Mémorial Nr 3 vum 14. Januar 1928, S. 71
  3. Groussherzogleche Beschloss vum 18./24. Juli 1929, publizéiert am Mémorial Nr 38 vum 27. Juli 1929, S. 678
  4. Groussherzogleche Beschloss vum 9. Dezember 1929, publizéiert am Mémorial Nr 65 vum 21. Dezember 1929, S. 1106
  5. Groussherzogleche Beschloss vum 24. Oktober 1934, publizéiert am Mémorial Nr 63 vum 10. November 1934, S. 1029
  6. Groussherzogleche Beschloss vum 18. November 1935, publizéiert am Mémorial Nr 71 vum 22. November 1935, S. 1156
  7. Groussherzogleche Beschloss vum 7. Mäerz 1938, publizéiert am Mémorial Nr 16 vum 12. Mäerz 1938, S.244
  8. Groussherzogleche Beschloss vum 7. Mee 1940, publizéiert am Mémorial Nr 31 vum 30. Mee 1940, S. 339