Polardag

Vu Wikipedia
Polardag an der Géigend vun Skibotn
Polardag bei Jamburg

De Polardag ass an de Polargebidder en Zäitraum ëm d'Sonnewenden. An der nërdlecher Polarregioun ass dat ëm d'Summersonnewend am Juni. Wärend op d'mannst engem Dag geet d'Mëtternuechtssonn net ënner den Horizont. Et ass also de ganzen Dag hell, ofgesi vun enger klenger Mëtternuechtsdämmerung un de Randzone vun de Polargebidder.

Um geographeschen Nordpol a Südpol dauert de Polardag en halleft Joer, op de Polarkreesser ass et genee een Dag, un deem d'Sonn net ënnergeet. Wéinst der astronomescher Refraktioun ass se och nach e bëesselche baussenzeg vun de Polargebidder ze gesinn.

Op de Pole kreest d'Sonn wärend 24 Stonnen op bal der selwechter Héicht, um Dag vun der Summersonnewend ongeféier 23,5° iwwer dem Horizont. Wärend de follgenden dräi Méint beweegt se sech an enger Schrauwelinn lues erof zum Horizont. D'Sonn geet eemol am Joer op an ënner, nämlech dann, wann hir visuell Bunn d'Equatorhéicht vun der Äerd schneid, also zu der Zäit vun den Equinoxen. An där Iwwergangszäit ass d'Sonn beim Opgang oder Ënnergang nëmmen deelweis ze gesi wärend se laanscht den Horizont zitt. Wa se nëmme wéineg ënner dem Horizont steet, ass Dämmerung, déi dauert en ettlech Wochen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]