Polarrank-Galaxis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den NGC 660 ass eng Polarrank-Galaxis Struktur

Eng Polarrank-Galaxis ass e rare Galaxientyp, deen duerch d'Verschmëlzung vun zwou Galaxien entsteet.

Gruppéierung[änneren | Quelltext änneren]

Polarrank-Galaxien zielen wéi Gezäitenarm-Galaxien, aner wiesselwierkend Galaxien an Zwergalaxien zu de besonnesche Formen vu Galaxien duerch hir Aart. Si bestinn aus engem zentrale länglechen Objet an engem Rank oder enger Scheif vu Stären dee senkrecht zu dësem Objet verleeft, also‚ iwwer de Pol vun der Säit gekuckter Scheif vum zentralen Objet. Déi zentral Objete si meeschtens lënsenfërmeg vum Typ S0 an der Hubble-Sequenz, awer och elliptesch oder Spiralgalaxien kommen als Zentralobjete vir. Och d'Rotatiounsachse vum zentralen Objet a Rank stinn bal senkrecht openee. Anescht geformte Galaxienaarten mat Rankstrukture sinn Rankgalaxien a munch Balkespiralgalaxien, am Eenzelfall kann d'Ënnerscheedung munchmol schwiereg sinn.

Bis haut goufe ronn 100 Polarrank-Galaxien entdeckt. Et gëtt Ënnertype mat engem groussen éischter kugelfërmegen zentralen Objet. Si ginn Saturn-Typ genannt. Eng géihesätzlech Variant gëtt Floppy-Typ oder Sombrero-Typ genannt (kuckt d'Bild NGC 4650). Bei dëser Variant ass de Rank verhältnesméisseg méi grouss a schwéier.

Haut huet ee Asiichte, datt och eis Mëllechstrooss eng kleng aus Gaswolleke bestoend senkrecht zu hirem Plang orientéierte Rank huet. Allerdéngs ass d'Mass vun dësem Rank niddreg a geet net duer fir eng Bestëmmung als Polarrank-Galaxis.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Entwécklung vun enger Galaxis aus Gas an engem eenzege Kollapsvirgank géif sech eng Gasscheif mat enger beléiften Dréirichtung erausbilden, um Kollaps deelhuelend Gaswolleken mat anerem Ëmlafsënn géifen duerch Zesummestéiss dem allgemengen Dréisënn ugepasst. Eng Genesis an engem Zuch vu Polarrank-Galaxien mat hirer zouenee senkrechte Rotatioun vu Rank an Zentralgalaxis ass dofir onwahrscheinlech.

Polarrank-Galaxien ginn dofir als Resultat vun enger nodréiglecher Fusioun vun zwou Galaxien ugesinn. An der haiteger Kosmologie hëlt een un, datt Galaxien 'hierarchesch' aus klengeren Eenheete entstinn an ëmmer nees fusionéieren. Jee no Eegenschafte vun de béide verschmolzene Galaxien an hirer relativer Bunn kënne sech dobäi Endprodukter vu verschiddenen Eegenschaften bilden, ënner gënstege Bedéngungen ka sech awer bei enger Verschmëlzung d'Gas vun enger klengerer Galaxis statt ganz vun der gréissere opgeholl ze ginn an eng stabil Bunn senkrecht zu der Scheif vun der masseräicherer Zentralgalaxis setzen a sou eng Polarrank-Galaxis maachen.

Bekannt Polarrank-Galaxien[änneren | Quelltext änneren]

NGC 4650A[änneren | Quelltext änneren]

NGC 4650A – Eng Polarrank-Galaxis vum Ënnertyp Floppy/Sombrero

Eng vun deenen am beschten ënnersichte Polarrank-Galaxien ass NGC 4650A op enger Distanz vun 150 Millioune Liichtjoer. Dës Galaxis gëtt dacks als Prototyp vun der Klass ugesinn. Am zentralen Deel sinn eeler gielzeg Stären, bal vertikal dozou rotéiert e wiesentlech gréissere Rank (eigentlech éischter eng breet Scheif wéi en dënne Rank) mat jonke bloe Stären.

Hoag's Objet[änneren | Quelltext änneren]

Hauptartikel: Hoag's Objet

D'Polarrank-Galaxis Hoag's Objet, si läit op enger Distanz vu 600 Millioune Liichtjoer vun eis ewech

Den Hoag's Objet läit am Stärebild Serpens a gouf 1950 vum Astronom Art Hoag entdeckt. Si huet e stabilen a gutt ausgepräegte Rank mat ville gliddege Stären. De Radius vum Rank ass ronn 120.000 Liichtjoer grouss. Den Zentrum huet vill eeler Stären an huet eng Kugelform.

No der Entdeckung vun dëser onbekannter Galaxienaart hunn d'Entdecker ugeholl, si hätten et mat enger optescher Täuschung, duerch eng Gravitatiounslëns te dinn. Well fir dat zentralt Objet an de Rank spéider déi gläich Routverrécklung gemooss gouf, koum dës Erklärung net méi a Fro. Ausserdeem hu sech bal duerch besser Teleskope d'Ballungen am Rank gewisen, déi net duerch eng Gravitatiounslëns entstoe konnt.

Bis haut ass nach net eendeiteg gekläert, ob den Hoag's Objet eng aus enger ongewéinlecher Richtung gekuckt Polarrank-Galaxis ass. Fréier Theorien hunn och eng Entwécklung aus enger instabiler Balkespiralgalaxis virgeschloen. D'Kugelform vum Zentrum schwätzt allerdéngs dogéint, well Balkespirale flaach Zentren hunn. Well et sech ëm e stabilen Objet handelt, gëtt och en Zesummestouss tëscht zwou Galaxien ugeholl. Well dee méiglecherweis scho virun zwou oder dräi Milliarde Joer war, ass en nëmmen nach schwéier nozeweisen.

Polarrank-Galaxien an Donkel Matière[änneren | Quelltext änneren]

Eent vun den éischten Unzeeche fir d'Existenz vun Donkler Matière waren d'Rotatiounsbéi vu Spiralgalaxien. Déi héich Ëmlafvitesse bei grousser Distanz vum Kär sinn eleng duerch déi visuell Matière net z'erklären. Aus de Rotatiounsbéi an der Galaxiëscheif kann een awer net ofliesen, wéi den Halo vun donkler Matière vertikal zum Plang vun der Galaxis verdeelt ass. Polarrank-Galaxien erméiglechen am Prinzip eng Miessung vun där Verdeelung, well d'Matière vum Rank déi vertikal ëm d'Galaxis leeft, déi noutwenneg ‚Testdeelercher‘ zur Disposition stellt. An der Praxis ass awer d'Analys vun dëse Miessunge schwiereg, sou datt nach kee kloert Bild entstanen ass wéi ronn, ofgeplatt oder auerneegezunn den donklen Halo ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]