Polder

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pompelmillen um Däich vum Overwaard-Polder bei Kinderdijk

E Polder oder Koog[1] ass e Gebitt an deem de Waasserstand, dee kënschtlech kontrolléiert ass, méi niddreg ass wéi dee vun der Géigend ronderëm. Ronderëm leien normalerweis Gebidder oder Däicher déi de Polder géint d'Héichwaasser schützen.

Am Polder gëtt et en Netz vu Grief a Kanäl déi wichteg fir d'Gestioun vum Waasserstand sinn, deen ë. a. iwwer Wierer a Pompele regléiert gëtt. De Polder huet och nëmme Verbindung mam Waasser ronderëm iwwer déi Konschtbauten.

Well de Waasserfloss ganz wichteg ass, ginn d'Wierer zweemol am Joer kontrolléiert an d'Ustéisser vun de Waassergrief mussen déi op der Streck vun hirem Terrain kontrolléieren a propper halen.

Loftbild vun enger Polderlandschaft

Notten[Quelltext änneren]

  1. Ofhängeg vun der Géigend ass Koog net onbedingt e Synonym fir Polder