Polenfeldzuch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den offiziellen Uerder vum Hitler, fir Polen unzegräifen
D'Schleswig-Holstein déi am Gaang ass d'Westerplatte ze beschéissen
Polnesche 7TP-Tanks
Dat kinneklecht Schlass a Brand
D'Ënnerzeechnung vum Molotov-Ribbentrop-Ofkommes

Mat dem Polenfeldzuch – dat heescht, mat dem Iwwerfall op Polen – huet dat vum Nationalsozialismus regéiert Däitschland den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist. De Feldzuch ass den 1. September 1939 ouni Krichserklärung mam Iwwerfall op d'Westerplatte a gläich drop mat der Invasioun vu Polen duerch déi däitsch Wehrmacht a slovakesch Truppen ugaangen. En ass de facto de 6. Oktober mat der Kapitulatioun vun de leschte polnesche Feldtruppen op en Enn gaangen. Déi polnesch Regierung ass awer an den Exil gaangen an huet selwer ni kapituléiert.

Den 3. September hu Frankräich a Groussbritannien opgrond vun hire vertraagleche Verpflichtungen, bei engem Iwwerfall de Pole bäizestoen, Däitschland de Krich erkläert. Frankräich a Groussbritannien konnten awer dunn net direkt agreifen, a Polen net onmëttelbar militäresch bäistoen.

Als Folleg vun engem geheimen Zousazprotokoll zum Hitler-Stalin-Pakt vum 24. August 1939, deen eng Opdeelung vun de béidsäitegen Interessegebidder virgesinn hat, ass de 17. September och déi Rout Arméi an Ostpolen amarschéiert.
Am Laf vum Polenkrich an duerno hu sech déi däitsch Sécherheetspolice an och d'Wehrmacht duerch bluddeg Repressiounen a masseweis Ermuerdunge vu polneschen Intellektuellen, Paschtéier, Gewerkschaftler, Adlegen a Judde schëlleg gemaach.

Virgeschiicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. November 1918 ass Polen als onofhängeg Republik op d'Dreiwe vun den Alliéierte geschaaft ginn, gewëssermossen als Cordon sanitaire géint eng Dominanz vum bolschowistesche Russland. Den Traité vu Versailles huet du Westpreussen mat deem haaptsächlech vun Däitsche besidelte Korridor zu Polen geschloen an domat Ostpreisen vum Rescht vum däitsche Räichsgebitt ofgetrennt. Danzeg gouf als Fräi Stad aus dem iwweregen Däitschland ausgeklamert an ënner d'Kontroll vum Vëlkerbond gestallt. Dat huet op béide Säiten, an Däitschland an a Polen, zu Spannunge geféiert, grad wéi och d'Tatsach, datt Polen säin Territoire no Osten op d'Käschte vu Litauen erweidert huet, iwwer déi Grenzen eraus, déi de Versailler Vertrag festgeluecht hat.

D'Weimarer Republik huet hir Uspréch op déi verluere Gebidder net opginn. D'Lag huet sech nach verschäerft, wéi den Hitler un d'Rudder koum, an d'NSDAP mat alle Mëttele géint de Vertrag vu Versailles Stëmmung gemaach huet, an den Drang nom Liewensraum am Osten ëmmer méi däitlech zum Ausdrock koum. Och wann de 26.Januar 1934 Däitschland a Polen een op zéng Joer begrenzten Nëtugrëffspakt ofgeschloss hunn, waren domat d'Spannungen awer nach net aus der Welt geschaaft.

Eng Rei vu Streidereie waren awer nach net geléist, sou dat den däitschen Ausseminister Joachim von Ribbentrop de 24.Oktober 1938 nei Verhandlunge mat Polen opgeholl huet. Déi däitsch Positioun war awer fir Polen net akzeptabel. Dunn huet Däitschland seng Truppe mobiliséiert. Zousätzlech goufe vun däitscher Säit geziilt Provokatioune simuléiert an opgebaut, fir déi si ongerechterweis d'Pole verantwortlech gemaach hunn. Domat wollte si e Motiv a Virwand schafen, fir Polen, wéi geplangt kënnen z'iwwerfalen.

Oflaf vun der däitscher Invasioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. September moies fréi huet d'Hitlerdäitschland seng Invasioun a Polen gestart. Dofir war eng Arméi mobiliséiert ginn déi aus 50 Divisioune bestanen huet, dovu 4 motoriséiert Divisiounen, a 6 Panzerdivisioune mat am Ganze 1.500 Tanksen. D'Operatioun gouf aus der Loft mat 2.000 Fligeren ënnerstëtzt. D'Polen haten deem net vill entgéintzesetzen: 30 Infantriedivisiounen, eng Artillerie déi vu Päerd gezu gouf, eng Panzerdivisioun mat schappegen Tanksen, a 420 Fligeren déi iwwerlieft waren.

Wat awer haaptsächlech zum schlechten Ausgank fir Polen bäigedroen huet, war datt den archaische Kommando d'Truppen op enger Grenz vu 5.600 km verdeelt hat, an dovun een Drëttel am Korridor ëm Danzeg. Et war keng Reserve am Hannerland disponibel, an d'Kavallerie, de Stolz vun der polnescher Arméi konnt géint déi mecaniséiert Verbänn vum Drëtte Räich wéineg ausriichten.

Doriwwer eraus hunn déi polnesch Miltärcheffe geduecht, e séiert Agräife vun hire westlechen Alliéierten, besonnesch Frankräich, géif hiren Ugräifer ënner Drock setzen, sou datt deen a Polen net wéi gewënscht kéint wiederkommen. Mä Frankräich, dat eréischt just am Mee 1939 militäresch Accorde mat Polen ënnerschriwwen hat, huet anescht iwwerluecht. D'Fransousen hunn op e laange Krich gesat, an deemno seng Truppe kënnen ze verstäerken, fir dann e geschwächt Däitschland kënnen ze bekämpfen.

D'Wehrmacht hat eng nei Strategie, an zwar déi vum Blitzkrieg agefouert, déi aus enger offensiver Krichsféierung mat rapide Mouvementer bestanen huet, bei där Panzerdivisiounen, ënnerstëtzt vun der Aviatioun séier an de feindlechen Dispositiv agedronge sinn, a sou duerch den Iwwerraschungseffekt déi feindlech Ofwier, de Kommando an d'Kommunikatioun duerchernee bruecht hunn. Déi nei Strategie huet et den Däitschen an der éischter Woch, besonnesch am polnesche Flaachland, dat sech perfekt dozou gëeegent huet, erlaabt fir ganz séier weiderzemarschéieren. D'Invasiounstruppen ënner dem ieweschte Kommando vum Generalfeldmarschall von Brauchitsch waren a kuerzer Zäit 250 km bis hanner d'Grenz komm.

Déi polnesch Arméi gouf praktesch iwwerall iwwerlaf, mat Ausnam ëm Warschau, wou se versicht huet sech z'oganiséieren. De 14. September stinn déi däitsch Truppen zu Brest-Littowsk am Norden a viru Lemberg am Süden. No der zweeter Woch vun der Invasioun existéiert déi polnesch Arméi praktesch net méi als organiséierte Verband.

D'Russesch Besetzung vu Polen[änneren | Quelltext änneren]

De 17. September sinn déi russesch Truppen am Oste vu Polen iwwer d'Grenz marschéiert, déi net verdeedegt war. Si hunn déi Gebidder besat déi am Däitsch-Sowjetesche Pakt vum 23. August 1939 fir Russland reservéiert gi waren. Deen Iwwerfall an de Réck huet Polen de leschte Messerstéch ginn. Dem Marschall Rydz-Śmigły, dee eng Verdeedegungslinn um Dniestr wollt opbauen, konnt sech nach ou just den 18. September mat 50.000 Mann no Rumänien aus dem Stëbs maachen.

Déi polnesch Regierung huet datselwecht gemaach, an ass iwwer de leschte Grenziwwergank um Floss Tscheremosch no Rumänien geflücht, wou se Asyl gefrot huet an och krut, fir duerno weider op Paräis ze plënneren.

Vum 14. September un huet nach just Warschau ënner dem Kommando vum Generol Rómmel der Wehrmacht de Bass gehalen. De Rómmel hat als leschten Uerder Rydz gesot krut, e sollt Warschau bis op de leschte Schotz Polver verdeedegen, an duerno probéieren eng Resistenz opzebauen. Den 28. September huet d'Stad déi um erhéngere war misse kapituléiern. E puer kleng Träpp probéieren nach aus der Ëmzengelung erauszekommen, awer de 6. Oktober war definitiv mat de reguläre polneschen Truppen eriwwer. Et sinn awer ganz séier Resistenz- a Guerillagruppen entstanen.

Den 28. September war de von Ribbentrop op Moskau gereest fir sech mam Molotow ze treffen, fir den Netugrëffspakt ze finaliséieren a Polen definitiv opzedeelen. Déi däitsch Gebidder déi am Ufank nëmme bis op d'Weichsel sollte goen, goufe bis op de Bug vergréissert, a Litauen koum bei d'russesch Territoitren dobäi.

Dat war nodeem datt Polen am 18. Joerhonnert dräimol opgedeelt gi war, 21 Joer nom Traité vu Versailles déi véiert Kéier wou et gespléckt gouf.