Pompelspäicherwierk Weilerbach

Vu Wikipedia

D'Pompelspäicherwierk Weilerbach war eng kleng Elektrizitéitszentral zu Weilerbach um däitschen Uwänner vun der Sauer.

D'Wierk dat 1927 a Betrib geholl gouf, war vun der Sauerkraftwerke Gmbh gebaut ginn, a gouf 1930 vun der RWE iwwerholl a vergréissert. Et hat eng Leeschtung vu 525 kW.

D'Waasser fir d'Turbinnen ze dreiwe gouf aus enger Baach am Duerf geholl an aus dem Weilerbach an der Géigend vu Ferschweiler. Dem Pierre Hamer [1] no wier dat iewescht Späicherbecke war beim sougenannten Hammhaff an dat ënnescht hanner engem Wier op der Sauer. D'Drockleitung hat eng Längt vun 2.790 Meter. D'Dallstatioun vun der Anlag stoung um lénksen Uwänner vun der Sauer, just nieft der deemoleger Eisebunnnsbréck.

D'Anlag déi eng Pionéierleeschtung op deem Gebitt war, gouf géint Enn vum Zweete Weltkrich zerstéiert, an net méi opgeriicht.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Oberweis, Christian; Der Ferschweiler Leute Buch
  • Weber, H.-Th.; Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze, Gollenstein Verlag, Blieskastel (Allemagne) , ISBN 3930008610, 1997

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Do schéngt de Pierre Hamer sech z'iren. Kuckt dofir op der Diskussiounssäit