Pont Maghin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pont Saint-Léonard)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:

De Pont Maghin, och nach Pont Saint-Léonard genannt ass eng Lécker Bréck iwwer d'Meuse. Et ass déi véiert Bréck op där Plaz.

Fréier waren de Pont Maghin an de Pont Leonard zwou verschidde Brécken vun deen déi eng iwwer d'Meuse gefouert huet an déi aner iwwer e Säitenaarm deen haut zougetippt ass, bei der Place des Déportés an dem fréiere Prisong Saint-Léonard.

1858 gouf eng nei Bréck geplangt déi d'Place des Déportés um lénksen Uwänner mat der Rue Maréchal Rensonnet op der rietser Säit sollt verbannen. Déi Bréck konnt den 9. Juni 1869 a Betrib goen.

De 6. August 1914, sollt d'Bréck gesprengt ginn, vir de Virmarsch vun den däitschen Truppen ze bremsen. D'Sprengcharge war awer ze schappeg, soudatt kee grousse Schued entstanen ass, an zwéin Deeg méi spéit, konnt d'Bréck erëm benotzt ginn.

Nom Krich 14-18 huet sech als néideg erwise fir eng aner Bréck ze bauen. Dat koum haaptsächlech doduerch, well déi fräi Héicht vum Tablier net grouss genuch war, an eng Gefor fir d'Schëfffaart, besonnesch bei Héichwaasser war. Sou gouf se schliisslech 1928 duerch eng stolen Ausleeërbréck mat dräi Felder ersat. Dat mëttelst Feld hat eng Längt vu 70 Meter an d'Säitefelder jiddwereent 36 Meter, a si war 18 Meter breet. Déi Bréck gouf den 11. Mee 1940 vun der belscher Arméi gesprengt.

Et huet du bis 1952 gedauert bis déi haiteg Bréck opgeriicht gouf. Et ass erëm eng Ausleeërbréck, déi déi Kéier am virgespaante Bëtong gebaut gouf an och erëm dräi Felder huet. Si ass mat Hasteng agekleet, an iwwer all Pilier ass de Wope vu Léck ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Maghin vu flossop gesinn.