Ponte D. Luís I

Vu Wikipedia
Ponte D. Luís I
Ponte Luiz I
Geographie
Land Portugal
Plaz Porto
Vila Nova de Gaia
Koordinaten 41° 08’ 23’’ N
      08° 36’ 34’’ W
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Trams- a Metrosbréck
Féiert iwwer Douro
Technesch Detailer
Bréckentyp Fachwierk-Boubréck mat
agespaantem Bou
Totallängt 385,25 m (ieweschten Tablier)
172 m (ënneschten Tablier, tëscht dem Bou)
Breet 8 m
Héicht 60 m
Material Eisen
Bemierkungen
Ersetzt Ponte pênsil
Opgaangen 31.10.1886
Architekt(en)
Konzeptioun
Théophile Seyrig (Ingenier)
Léopold Valentin (Architekt)
Entreprener Société Willebroeck

De Ponte D. Luís I (och Ponte de D. Luís oder an der ursprénglecher Schreifweis Ponte Luiz) ass eng vun de Brécken iwwer den Douro a Portugal, déi Porto mat Vila Nova de Gaia verbannen. Se gouf tëscht 1881 an 1886 vum Théophile Seyrig entworf, engem Schüler vum Gustave Eiffel, a vun der belscher Société de Willebroeck gebaut. E gläicht der Maria-Pia Bréck, eppes méi flossop, ma huet, anescht wéi déi, zousätzlech ënnen en Tablier, iwwer deen de Stroosseverkéier geet.

D'kombinéiert Eisebunns- a Stroossebréck gouf den 31. Oktober 1886 vum Kinnek Luís I. ageweit, deem säin Numm se zanterhier huet.

De Ponte D. Luís I ass, zesumme mam historeschen Zentrum an dem Klouschter Serra do Pilar zanter 1982 vun der Unesco als Weltierwen agedroen.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Bréck handelt et sech ëm eng eisee Fachwierk-Boubréck mat zwéin Tabliere vu jee 8 Meter Breet. Den ieweschten Tablier, uewen um Bou, ass 385,25 Meter laang, iwwerdeems deen ënneschten, deen u festen Ophänke festgemaach ass, der 172 tëscht dem Bou huet. Um ieweschte leien zanter 2005 Schinne fir d'Ramme vum Metro (Linn D); deen ënneschten ass fir Stroossegefierer. Virum Metro sinn uewen Autoe gefuer, zäitweileg och en Tram. Iwwer béid Tablieren kënnen och Foussgänger laanscht d'Säiten eriwwergoen.

D'Bréck ersetzt eng fréier Hänkbréck, de Ponte pênsil, deem seng Pilonen nach nieft dem Ponte de D. Luís ze gesi sinn.

De Bau vun der Bréck hat ronn 369.000 Escudo kascht.

Hir Nopeschbrécke sinn de Ponte da Arràbida flossof, an de Ponte do Infante flossop.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paula Cristina Martins Freire, Maria do Rosário França Martins, Maria Teresa Pinheiro Torres, Pontes metálicas rodoviárias, Lisbonne, 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ponte D. Luís I – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op unesco.org, gekuckt 2020-08-22.