Poopst

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Emblem of the Papacy SE.svg

Poopst ( v. griich.: "pappas" = Papp) ass de geeschtlechen Titel fir de Chef vun der Réimesch-kathoulescher Kierch (och "Hellege Papp" genannt).

Ënner der Bezeechnung "Hellege Stull" agéiert de Poopst souwuel eleng, wéi och zesumme mat der Kurie, international a vertrëtt zugläich de Vatikanstaat, wou hien de Staatschef ass.

Aktuelle Poopst ass de Franciscus, deen den 13. Mäerz 2013 gewielt gouf.

Zanter 1871 residéiert de Poopst am Apostolesche Palais nieft dem Péitersdoum zu Roum. D'Kathedral vum Poopst (als Bëschof vu Roum) ass d'Lateranbasilika.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Poopst ass, no kathoulescher Opfaassung an no der Opfaassung vu verschidden anere chrëschtleche Kierchen, de Nofolger vum Apostel Péitrus, dee vun dëse Kierchen als éischte Bëschof vu Roum ugesi gëtt a wahrscheinlech ëm 67 zu Roum als Märtyrer gestuerwen ass (Allerdéngs gëtt et Kritiker an Historiker déi bezweiwelen, dat e jee do war).

Dësen Usproch gëtt begrënnt duerch en Text aus dem Matthäus-Evangelium (Kapitel 16, Vers 18-19):

"Du bist Petrus und auf diesen Felsen will ich meine Kirche bauen und die Pforten der Hölle sollen sie nicht überwältigen. Und dir will ich geben die Schlüssel über das Himmelreich. Was du auf Erden bindest, soll im Himmel gebunden sein. Und was du auf Erden lösest, soll im Himmel gelöst sein."

An der réimesch-kathoulescher Kierch staamt déi éischt bekannt Relatioun vum Titel „Poopst“ mat dem Bëschof vu Roum aus der Zäit vum Marcellinus († 304), deen an enger Grafschrëft sou bezeechent gouf. De Bëschof Siricus vu Roum (385-399) huet sech selwer als éischten als "papa" bezeechent. Gesetzlech gouf den Titel "Poopst" fir de Bëschof vu Roum vum Gregor I. (590-604) festgeluecht.

Zanter dem Leo I. (Bëschof vu Roum 440-461) féiert de Poopst och den Titel Pontifex Maximus (Ieweschte Bréckebauer).

Am Mëttelalter koum et dacks fir, datt et gläichzäiteg méi wéi ee Poopst gouf. Ursaach: D'Kardineel ware sech net eens oder de Keeser an aner aristokratesch Famillen hunn an d'Poopstwal mat agegraff. Dës Agrëffer sinn awer neierdéngs verbueden. Ausserdeem gouf am 14. Joerhonnert d'Residenz op Avignon verluecht an et koum zum grousse Schisma.

Am 15. Joerhonnert krut de Konziliarismus staarken Opdriff, deen duerno awer zréckgedrängt gouf.

Titel[änneren | Quelltext änneren]

Dem Poopst seng Titele sinn:

Insignien[änneren | Quelltext änneren]

Kleedung[änneren | Quelltext änneren]

Kiercherecht[änneren | Quelltext änneren]

Wal[änneren | Quelltext änneren]

Dem Kiercherecht no kann all gedeefte männleche Katholik zum Poopst gewielt ginn. Et gëtt keng aner Bestëmmung. Dee leschte Poopst, deen net Kardinol war wéi e gewielt ginn ass, war den Urban VI. am 14. Joerhonnert.

De Poopst gëtt am Konklav (eng Versammlung vun alle Kardineel, déi zum Zäitpunkt vum Doud vum Virgänger manner wéi 80 Joer al sinn) op Liewenszäit gewielt. De Konklav gëtt ëmmer an der Sixtinescher Kapell ofgehalen. D'Walprozedur ass an der Universi Dominici Gregis festgeschriwwen.

Nom Kiercherecht ass de Poopst, wéi och all Bëscheef, ëmmer e Mann. Ass deen Neigewielte kee Bëschof oder souguer Laien, da gëtt en nach am Konklav zum Bëschof vu Roum geweit an ass deemno Poopst.

Et gëtt ëmmer nees behaapt, et hätt eng "Peepstin" ginn, an zwar d'Peepstin Johanna. Et handelt sech iewer ëm eng Legend.

Numm vum Poopst[änneren | Quelltext änneren]

Direkt no der Wiel gëtt den neie Poopst gefrot, watfireen Numm hien unhuele wëllt. Vill Peepst huelen den Numm vun engem bedeitende Virgänger oder vun engem Hellegen un.

Fréier hunn d'Peepst hire biergerleche Virnumm behal. Den éischte Poopst dee säin Numm geännert huet war de Johannes II. am Joer 533. Hien huet eigentlech Mercurius geheescht, mä hie wollt als Poopst net den Numm vun engem heednesche Gott (Merkur) droen.

Deen éischte Poopstnumm, dee méi dacks gewielt gouf, war de Sixtus (257). Vun do un ginn d'Nimm, déi méi dacks virkommen, mat Hëllef vu réimeschen Zifferen auserneegehalen.

De Jean-Paul I. war deen éischten an der Poopstgeschicht, deen en duebele Numm ugeholl huet, als Erënnerung u seng zwee Virgänger. Zugläich war dat deen éischten neien Numm zanter 913. Wéi hien no nëmmen 33 Deeg Amtszäit gestuerwen ass huet säin Nofolger Karol Wojtyla dee selwechten Numm gewielt a gouf dunn Jean-Paul II. genannt.

Récktrëtt[änneren | Quelltext änneren]

D'Peepst gi grondsätzlech op Liewenszäit gewielt. D'Kiercherecht gesäit awer och d'Méiglechkeet vun engem Récktrëtt vir:

"Falls der Papst auf sein Amt verzichten sollte, ist zur Gültigkeit verlangt, dass der Verzicht frei geschieht und hinreichend kundgemacht, nicht jedoch, dass er von irgendwem angenommen wird." (Can. 332 — § 2. (Codex Iuris Canonici)).

Et existéiere verschidde Récktrëtt an der Geschicht vun de Peepst: Am bekanntsten däerft de Récktrëtt vum Coelestin V. am Joer 1294 sinn. De Gregor XII. ass bei Geleeënheet vum Konzil vu Konstanz zum Récktrëtt gezwonge ginn. De Benoît IX. war dräimol Poopst an ass dräimol zréckgetrueden (1044, 1045, 1048). De Jean-Paul II., deen den 2. Abrëll 2005 gestuerwen ass, wollt, trotz senger schlechter Gesondheet, net zrécktrieden. Hie wollt "säi Kräiz droen" sou wéi Jesus Christus. Och de Jesus wier net vum Kräiz erofgeklommen.

Positioun a Kritik[änneren | Quelltext änneren]

De Poopst gëllt an der réimesch-kathoulescher Kierch als ieweschte Chef vun der Weltkierch an als Stellvertrieder Christi op der Äerd. Dësen Usproch gëtt vun all anere Kierchen net unerkannt.

Dat 1. Vatikanescht Konzil (18691870) huet d'Onfeelbarkeet vum Poopst, wat Glawensfroen ubelaangt, zum Dogma erhuewen. Och dësen Usproch gëtt vun den anere Kierchen refuséiert. D'Onfeelbarkeetsdogma ass zanter 1870 nëmmen eng Kéier ugewandt ginn an zwar 1950 bei der Formuléierung vum Dogma iwwer d'Himmelfahrt vun der Maria. Enzykliken an aner Léierschrëfte vum Poopst si fir d'réimesch-kathoulesch Kierch zwar bannend, awer net ouni weideres als onfeelbar unzegesinn.

An der Aler Kierch gouf et fënnef Patriarchen (d'Reiefolleg war duerch ökumenesch Konziler festgeluecht:

  1. de Bëschof vu Roum
  2. de Bëschof vu Konstantinopel
  3. de Bëschof vun Alexandria
  4. de Bëschof vun Antiochia
  5. de Bëschof vu Jerusalem

Schonn deemools huet de réimesche Bëschofssëtz als "primus inter pares" gegollt, well Roum d'Haaptstad vum Réimesche Räich an d'Kierch vu Roum wéinst de Griewer vun den "Apostelfürsten" Simon Péitrus a Paulus als besonnesch veréierungswürdeg ugesi gouf. Mä och d'Patriarchat vun Antiochia berifft sech drop, datt de Péitrus, éier en op Roum gaangen ass, do den éischte Bëschof war. Ob de Péitrus iwwerhaapt jee eng Kéier zu Roum war, ass ënner den Historiker haut nach ëmstridden.

D'réimesch Péitrustraditioun ass zwar net ausgeschloss a war och an den éischte Joerhonnerte kee wichtegt Thema. Déi fréist schrëftlech Ernimmung, datt d'Bëscheef vu Roum als Nofolger vum Péitrus gëllen, ass beim Poopst Damasus I. am 4. Joerhonnert ze fannen. Do gëtt d'Kierch fir d'éischt exklusiv als "Apostolesche Stull" bezeechent; e Privileg, dee vun den anere Patriarchaten net unerkannt gouf.

Schaarf Kritiker gesinn am Poopsttum d'Fortsetzung vun de Muechtuspréch vum ale Roum. An den éischte Joerhonnerte sinn d'Chrëschte grausam verfollegt ginn an et huet scho vill Courage dozou gehéiert fir Chrëscht ze sinn. An der Zäit vum Keeser Konstantin I. ass d'Chrëschtentum Deel gi vun der keeserlecher Muechtpolitik. D'réimesch Kierch hat am Westen déi traditionell Virherrschaft vu Roum iwwerholl. Sou ass de Poopst lues a lues, wat geeschtlech a weltlech Froen ubelaangt, Herrscher iwwer Kinneken a Vëlker ginn, wat sech awer zanter dem 14. Joerhonnert ëmmer manner duerchsetze gelooss huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ludwig Ring-Eifel: Weltmacht Vatikan: Päpste machen Politik, Pattloch Verlag München 2004, ISBN 3-629-01679-0
  • Horst Fuhrmann: Die Päpste, Beck, 2004, ISBN 3406510974
  • Max Kerners & Klaus Herbers: Die Päpstin Johanna - Biographie einer Legende, Herder, 2011, 176 S., ISBN 978-3-451-06332-9
  • Alain Boureau: La papesse Jeanne , Flammarion (Champs / Histoire), 1993.
  • Horst Herrmann: Die Heiligen Väter, Berlin, Aufbau-Verlag, 2004, ISBN 3-7466-8110-3
  • Bernard Lecomte: Le roman des papes - De la Révolution française à nos jours, Monaco (Éditions du Rocher), 2011, 253 Säiten, ISBN 978-2-268-07124-4
  • Georg Schwaiger: Papsttum und Päpste im 20. Jahrhundert - Von Leo XIII. zu Johannes Paul II., München, C.H. Beck Verlag, 1999, ISBN 3-406-44892-5
  • Georg Denzler: Das Papsttum, München, C.H. Beck Verlag, 1997, ISBN 3-406-41865-1
  • Ludwig Freiherr von Pastor: Die Geschichte der Päpste, Freiburg im Breisgau, 1928, 15 Bde.
  • Alois Uhl: Die Päpste und die Frauen, München (Piper), 2007, 271 S. (ill.), ISBN 978-3-492-24890-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peepst – Biller, Videoen oder Audiodateien