Portmanteau-Wuert
E Port[e]manteau-Wuert, am Franséische mot-valise an am Däitsche Kofferwort genannt, ass e Konschtwuert, dat aus op d'mannst zwee Wierder entstanen ass, déi morphologesch uneneenhänken a sech zum Deel iwwerschneiden, an déi sou zu engem neie Begrëff verschmolt sinn. Si gläichen deemno engem Kompositum, ma sinn, anescht wéi dat, keng zwee Eenzelwierder méi.
De Begrëff kënnt aus dem Lewis Carroll senger Erzielung Through the Looking-Glass, and What Alice Found There (1871) hier, an där den Humpty Dumpty der Titelheldin Alice déi gelunge Wierder aus dem Gedicht Jabberwocky explizéiert: Se wiere wéi Wallissen: zwou Bedeitungen an ee Wuert gepaakt. De Begrëff fir Wallis, deen de Carroll gebraucht huet, war portmanteau (vum franséische Wuert porte-manteau, dat deemools e "Kleedersak" bezeechent huet; eréischt méi spéit krut et seng haiteg Bedeitung vu Kleederstänner oder -ophänk.)
Eng 70 Joer nom Lewis Carroll huet den James Joyce a sengem Spéitwierk Finnegans Wake Dausende vu Portmanteau-Wierder erfonnt.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Bekannte Beispiller fir Portmanteau-Wierder sinn:
- Backronym ((en) back + Akronym)
- Bionik (Biologie + Technik)
- Bollywood (Bombay + Hollywood)
- Brexit ((en) British exit)
- Brunch ((en) breakfast + lunch)
- Demokratur (Demokratie + Diktatur)
- franglais ((fr) français + anglais)
- Gendapol (Gendarmerie a Police zu Lëtzebuerg, wéi déi zwou nach eege Strukturen haten)
- Glamping ((en) glamour a camping)
- Grexit ((en) Greek + exit)
- Jein ((de) ja + nein)
- Mechatronik (Mechanik + Elektronik)
- Motel ((en) motor + hotel)
- Organigramm (Organisatioun + Diagramm)
- Phablet ((en) phone + tablet)
- Prequel ((en) pre (virdrun) + sequel)
- Smog ((en) smoke + fog)
- Teuro ((de) teuer + Euro)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hannelore Poethe: Wort(bildungs)spiele, in: Irmhild Barz u. a.: Das Wort in Text und Wörterbuch, Hirzel, Stuttgart 2001, S. 23–40, ISBN 978-3-7776-1154-9
- Hans Ulrich Schmid: Zölibazis Lustballon. Wortverschmelzungen in der deutschen Gegenwartssprache, in: Muttersprache 3 (2003), S. 265–278
- Hartmut Günther: Kontamination, in: Helmut Glück (Hrsg.): Metzler Lexikon Sprache, Stuttgart 2005, ISBN 3-476-02056-8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Am Anfang war das Wortspiel (PDF), Dieter W. Halwachs (Graz; 104 kB)
- Neoklassische Wortbildung (PDF), Anke Lüdeling, Universität Stuttgart (41 kB)