Porto Santo

Vu Wikipedia
Porto Santo
Geographie
Land Portugal
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 33°3'43"N, 16°21'23"W
Fläch 42,48 km², 43,01 km²
Längt 11,6 km
Breet 6,0 km
Héchste Punkt Pico do Facho (516 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Madeira
Demographie
Awunner 5.149
Awunnerdatum 2021
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1


Porto Santo ass eng portugisesch Insel am Atlantik, eng 42 km nordëstlech vu Madeira, déi administrativ zu Madeira gehéiert.

Porto Santo ass ronn eelef Kilometer laang a knapps sechs Kilometer breet, an huet eng Fläch vu ronn 43 km². Déi 5.149 Awunner (2021) liewen haaptsächlech vun der Fëscherei a vum Tourismus, dee sech do wéinst enger 9 km laanger Sandplage (Campo de Baixo) entwéckelt huet.

De 516 m héije Pico do Facho am Osten huet vulkanesch Originnen an ass den héchste Punkt vun der Insel.

D'Haaptuertschaft ass Vila Baleira, wou bal all d'Awunner vun der Insel liewen.

Porto Santo ass administrativ e Krees, deen aus just enger Gemeng (Freguesia) besteet.

Roderëm Porto Santo sinn nach e puer méi kleng, onbewunnt Inselcher:

  • Ilhéu de Baixo;
  • Ilhéu de Ferro;
  • Ilhéu da Fonte da Areia;
  • Ilhéu de Fora;
  • Ilhéu das Cenouras;
  • Ilhéu de Cima.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Porto Santo – Biller, Videoen oder Audiodateien