PostMusée
Ausgesinn
| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
|
| |
| Typ | Musée |
|---|---|
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Gestioun | |
| Visiteuren/Joer | |
| Um Spaweck | http://www.postgroup.lu/de/le-groupe/culture |
| Gebai | |
| Kollektioun | |
| Exponater | |
|
| |
De PostMusée ass e Musée am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg haaptsächlech unhand vun historeschen Exponate gewise gëtt.
E gëtt vun der Lëtzebuerger Post bedriwwen, an ass am Keller vum Accinautosgebai op der Garer Plaz, Eck Rue d'Épernay, ageriicht.
Den Entrée ass gratis. Visitte ginn nëmmen op Rendez-vous organiséiert[1].
Exponaten
[änneren | Quelltext änneren]D'Sammlung setzt sech graff aus dräi Domainen zesummen:
- Telekommunikatioun: Ausgestallt sinn al Telefons- a soss seele Kommunikationsapparater, wéi z. B. e Morseapparat, eng manuell an eng elektromechanesch Telefonzentral an d'Rekonstruktioun vun engem Schantje mat Telefonsleitungen.
- Postwiesen: Hei stinn eng Postkutsch vun 1880, an en Original-Postguichet vun 1912 an e Büro vun enger Poststatioun. Ausserdeem sinn do all Timberen ze gesinn, déi zënter 1852 zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, sou wéi och al Drockplacke vu verschiddenen Timbersbéi, an och soss Uniformen a Geschier aus dem Postbetrib.
- Postscheck: Ze gesi sinn al Objeten an Apparaten aus den Ufanksjore vum Postscheck.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Telefonsschantjen
-
Postkutsch vun der Gare Ëlwen
-
al Telefonen
-
Elektresch Zentral
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Musée des Postes et Télécommunications – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Säit iwwer de Musée op postgroup.lu
- Säit op visitluxembourg.com
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Informatioun op der Websäit Das Postmuseum op postgroup.lu, gekuckt den 19. August 2018
