Postgebai Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Postgebai Stad Lëtzebuerg
Déi Al Post am Mee 2013
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress Aldringerplaz
Koordinaten 49° 36’ 39’’ N 06° 07’ 38’’ E
Architekt(en) Sosthène Weis
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1908-1910

D' Postgebai (Hôtel des postes) an der Stad Lëtzebuerg ass e Verwaltungsgebai vun der Lëtzebuerger Post, dat 1908-1910 an der Aldrengerstrooss no Pläng vum Sosthène Weis gebaut gouf. Heidra war vun 1910 bis 2017 d'Haaptpost vun der Stad[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1869 gouf Um Piquet, an enger Kasär vun der preisescher Garnisoun, eng Post ageriicht. Dës gouf séier ze kleng, soudatt Ausbau- an Neibaupläng gemaach goufen. Ufanks hunn d'Pläng en Neibau am Jugendstil, entworf vum Staatsarchitekt Prosper Biwer, virgesinn, mat enger Daachkonstruktioun aus Stol a Glas. Ma de Biwer ass 1905 gestuerwen, a säin Nofollger, de Sosthène Weis, huet sech mat enger Alternativpropos duerchgesat, déi dem Gebai en Ausgesinn am Neo-Renaissance-Stil sollt ginn, dee vum Groussherzogleche Palais inspiréiert war. Och d'Haaptentrée, déi ursprénglech an der Avenue Monterey si sollt, gouf an d'Aldrengerstrooss, a Richtung Boulevard Royal, verluecht. D'Bauaarbechten hu vun 1908 bis 1910 gedauert. D'Fassad ass aus Sandstee vu Iernzen, Déiljen a Bur, an d'Skulpturen dorop vum Pierre Federspiel, Jean Mich, Claus Cito a Jean-Baptiste Wercollier. D'Fer-forgés-Aarbechte goufe vum Etienne Gallowich a vum Max Cames realiséiert.

An de Joren dono gouf d'Gebai ëmmer nees ëmgebaut, zulescht 2008, an den techneschen a prakteschen Ufuerderungen ugepasst. Sou gouf an den 1950er Joren en Nordfligel bäigebaut.

Zanter 2018 steet et eidel; d'Verwaltung ass provisoresch an d'Mercier-Gebai an der Rue de Reims geplënnert, bis deen neie Siège, deen op der Gare tëscht 2018-2022 gebaut gëtt, fäerdeg ass[2]. Wat genee mam Gebai geschéie soll, war laang net gewosst. Den 22. Januar 2020 huet de Generaldirekter vun der Post matgedeelt, datt d'Gebai an den Hänn vun der Post bleiwe géif an datt gekuckt géif, wéi een den Immeubel valoriséieren a fir de Public opmaache kéint. Et gëtt dru geduecht fir eventuell en Hotel mat Butteker dran ze maachen[3].

Den 2. Mäerz 2018 gouf den Hôtel des postes als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel des Postes (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wiou net anescht uginn: Nadine Schartz: "Eine ungewisse Zukunft." wort.lu, 12. Nov. 2018.
  2. Pierre Leyers: "Neuer Sitz für die Post." wort.lu, 2. Mäerz 2018.
  3. Invité vun der Redaktioun - Claude Strasser: Bijou am Patrimoine: Aalt Gebai um Aldringen bleift a Post-Besëtz op rtl.lu den 22. Januar 2020
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).