Postgebai op der Stater Gare

Vu Wikipedia
Postgebai op der Stater Gare
Dat neit Postgebai am Juni 2023
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Adress Place de la Gare, Stad Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 35’ 57.1’’ N 6° 07’ 56.9’’ O
Architekt(en) Metaform Architects
Statut a Betrib
Opgaangen 12. Juni 2023
Proprietär Post Luxembourg
Den « Espace Post » am neie Gebai
Déi fréier Busgare mat am Hannergrond dem ale Centre postal Gare an dem Accinauto-Gebai

D'Postgebai op der Stater Gare, Helix genannt, ass e Verwaltungsgebai vun der Lëtzebuerger Post am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, dat den 12. Juni 2023 offiziell ageweit gouf.

D'Gebai steet tëscht der Rue du Commerce am Süden, der Rue d'Épernay am Norden an der Garer Plaz am Osten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat neit Gebai ersetzt de fréiere Centre postal Gare dee vum Enn vun den 1960er Jore bis 2018 op där Plaz stoung, a wou ë. a. eng Zäitchen och den Tri postal dra war.

Am neie Postgebai op der Gare sinn, nieft dem Siège, d'Verwaltung vun der Post, grad wéi e Clientsberäich fir Post- an Telekommunikatiounsservicer.

D'Gebai, dat vu Metaform Architects entworf gouf, huet néng Stäck an eng Bruttofläch vu 27.700 m²[1][2]. Markant Element ass en Atrium mat enger 30 Meter grousser geschwongener Trap laanscht eng Säit, déi dem Gebai säin Numm Helix ginn huet.[3]

D'klasséiert Fassad vun der Accinauto, dem Nopeschgebai um Eck vun der Épernay-Strooss, ass mat an dat neit Gebai integréiert ginn.

Hannert dem Gebai, an der Rue de Reims, hat d'Post virdru schonn, tëscht 2014 an 2017 e weidert Gebai baue gelooss. Nodeems déi "al Post" um Piquet 2018 zerguttst zougemaach gouf, gouf de Siège vun der Post provisoresch dohi verluecht.[4] Wéi dat neit Gebai op der Gare bis fäerdeg war, gouf de Siège vun der Entreprise dann duer verluecht. D'Gebai an der Rue de Reims gouf dunn un den Office des publications de l'Union européenne (OPOUE) a Servicer vun der Europäescher Kommissioun (DG Connect) verlount. Den OPOUE war virdrun, bis Juni 2023, an engem Nopeschgebai, dat ofgerappt gëtt, fir d'Cité de la sécurité sociale ze vergréisseren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Postgebai op der Stater Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. POST Luxembourg baut ihren zukünftigen Unternehmenssitz im Bahnhofsviertel der Stadt Luxemburg - News et Communiqués - POST Group. www.postgroup.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  2. Post Luxembourg dévoile son nouveau siège. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.
  3. "Dat neit Post-Gebai "Helix" geet op." rtl.lu, 13.06.2023.
  4. "Un nouveau siège social pour POST Luxembourg." Communiqué o.D. op postgroup.lu. Gekuckt den 23.03.2023.