Prabowo Subianto
Ausgesinn
| Prabowo Subianto | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
17. Oktober 1951 Jakarta |
| Nationalitéit | Indonesien |
| Aktivitéit | Geschäftsmann, Politiker, Militär |
| Fonctioun | Verdeedegungsminister vun Indonesien, President vun Indonesien |
| Gielercher | Commandeur de l'ordre national du Mérite, Bintang Jasa Utama, Grand-croix de la Légion d'honneur |
| Famill | |
| Bestuet mat | Siti Hediati Hariyadi (8.5.1983–5.1998) |
|
| |
De Prabowo Subianto Djojohadikusumo, gebuer de 17. Oktober 1951 zu Jakarta, ass en indonesescher Politiker a fréiere Generol. Hien ass zanter dem 20. Oktober 2024 President vun Indonesien.
Hien ass den Eedem vum laangjärege President Suharto a war bis 1998, wéi de Suharto entlooss gouf, Generol an der Indoneesescher Arméi.[1]
An den 1990er an 2000er huet hien eng Zäitchen am Exil bei sengem Brudder a Jordanien gelieft. Vum Oktober 2019 u war hie Verdeedegungsminister. 2014 an 2019 war hie Kandidat bei der Presidentschaftswal, gouf awer net gewielt. 2024 huet hien dës, bei enger erneiter Kandidatur, de 14. Februar 2024, gewonnen.[2] Den 20. Oktober 2024 gouf hien zum President vu Indonesien vereedegt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Prabowo Subianto Djojohadikusumo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ulrich Rippert: "Kohl zollt Suharto 'großen Respekt und Zustimmung'." wsws.org, 27.05.1998. Nogekuckt: 21.01.2019.
- ↑ Barbara Barkhausen: "Indonesiens künftiger Präsident mit Terrorhintergrund: Wer ist Prabowo Subianto?" rnd.de, 15. Februar 2024.
