Prager Metro


De Prager Metro (Tschechesch: Pražské metro) ass Deel vun der Offer vum Ëffentleche Persouneverkéier an dat wichtegst Verkéiersmëttel vun der tschechescher Haaptstad Prag. De Metros-Reseau ass nom sowjeteschen Metro-Modell ugeluecht, mat dräi Linnen, déi am Zentrum vun der Stad en Dräieck forméieren. E gouf 1974 a Betrib geholl, an an de Joren dono kontinuéierlech ausgebaut. E gëtt vun der Aktiegesellschaft Dopravní podnik hlavního města Prahy (Verkéiersbetrib vun der Haaptstad Prag) bedriwwen.
Reseau
[änneren | Quelltext änneren]De Prager Metrosreseau huet eng Längt vu 65,2 Kilometer, et ginn 61 Statiounen (dräi dovun leien op zwou Linnen) an ass vu muerjes 5 bis Hallefnuecht a Betrib. Op de Linnen A a B ass dee kierzten Intervall tëscht zwéin zich an de Stousszäiten 150 Sekonnen, op der Linn C 115 Sekonnen (Stand 1. Februar 2008).
Prag huet dräi Metroslinnen. Eng nei Linn, d'Linn D, ass am Bau, a soll viraussiichtlech 2031 kënnen a Betrig geholl ginn.
Linn | Faarf | Streck | Opgaangen | Längt | Statiounen |
---|---|---|---|---|---|
A | Gréng | Nemocnice Motol – Depo Hostivař | 1978 | 17,1 km | 17 |
B | Giel | Zličín – Černý Most | 1985 | 25,7 km | 24 |
C | Rout | Letňany – Háje | 1974 | 22,4 km | 20 |
D | Blo | Náměstí Míru - Depo Písnice | 2031 | 0,0 km | (Viraussichtl. 10 am Joer 2031) |
Strecken
[änneren | Quelltext änneren]Linn A
[änneren | Quelltext änneren]
D'Linn A geet vum Quartier Motol (Statioun Nemocnice Motol) am Nordweste vun der Stad aus kontinuéierlech no Südosten bis op Depo Hostivař. Si fiert duerch d'Quartiere Hradčany (Hradčanská) an d'Kleng Säit (Malá Strana) mat den dono benannte Statiounen Hradčanská a Malostranská, geet dann ënnert der Mánesův most (Mánes-Bréck) an engem Tunnel ënnert der Moldau erduerch bis an d'Altstad (Statioun Staroměstská). Weider geet et ënnert der Wenzelsplaz erduerch (mat hire Korrespondenz-Statioune Můstek a Muzeum. Dann ass den Tour un de Quartiere Vinohrady a Žižkov mat de Statiounen Náměstí Míru, Jiřího z Poděbrad, Flora a Želivského. Déi lescht Statiounen leien am SQuartier Strašnice (Strašnická a Skalka, mat der Statioun Depo Hostivař,als Terminus.
En neien Tronçon, Dejvice–Nemocnice Motol, gouf de 6. Abrëll 2015 a Betrib geholl.[1]
-
Bořislavka
-
Nei Entrée vun der Statioun Hradčanská
-
Můstek
-
Entrée vun der Statioun Strašnická
-
Depo Hostivař
Linn B
[änneren | Quelltext änneren]

D'linn B ass déi längst vun den dräi Linnen a féiert a Südwest-Nordost-Richtung, queesch duerch praktesch dee ganzen Territoire vun der Stad. Si geet fort zu Zličín, wou vill nei Wunnquartieren entstane sinn, geet dann a Richtung Osten, mat de Statiounen Stodůlky, Luka, Lužiny, Hůrka an Nové Butovice ronderëm Stodůlky am Weste vun der Stad. Tëscht Lužiny an Hůrka sinn d'Gleiser an engem iwwerierdeschen Tubus. Weider geet et duerch Jinonice (Statioun Jinonice) a Radlice (Statioun Radlická), fir dann, no engem grousse Bou no Norden, d'Statiounen Smíchovské nádraží (Gare Smíchov an Anděl z'erreechen, vu wou een op eng jett Tramslinnen ëmklamme kann. No engem markante Bou no riets geet et bei der Palacky-Bréck (Palackého most) ënnert der Moldau erduerch, an dann, no engem zweete Bou bis op d' Karlovo náměstí (Karelsplaz). Et geet dann no Norden ënnert der Neistad erduerch (Statioun Národní třída) bis bei d'Ëmklammstatioun Můstek, op der Wenzelsplaz, da virun ënnert der Plaz vun der Republik (Náměstí Republiky, mat der Metrosstatioun déi och esou heescht), erduerch bis bei déi zweet Ëmklammstatioun op der Linn, Florenc. A Richtung Nordosten, am Quartier Karlín, leien dann d'Statioune Křižíkova, Invalidovna a Palmovka. No der Statioun Českomoravská geet d' Linn B dann no Osten,mat de Statioune Vysočanská a Kolbenova am Quartier Vysočany. Da kënnt nach Hloubětín, am Quartier mam selwechten Numm, a Rajská zahrada, ier dann um Terminus Černý Most d'Streck hiert Enn huet.
-
Zličín
-
Hůrka
-
Quai vun der Statioun Smíchovské nádraží
-
Entrée vun der Statioun Národní třída
-
Invalidovna
-
Rajská zahrada
Linn C
[änneren | Quelltext änneren]Dës Linn vun 22,7 km fänkt mat de Statioune Letňany, Prosek a Střížkov am nordëstlechen Deel vun der Stad un, geet dann iwwer Ládví a Kobylisy an engem grousse Bou ënnert der Moldau erduerch, fir dann an der Gare Holešovice (Nádraží Holešovice) Uschloss un d'Eisebunnsnetz ze hunn. No der Statioun Vltavská geet et fir d'zweet ënnert der Moldau erduerch bis op d'Ëmklamm-Statioun Florenc. Vun do fiert d'Linn op d'Haaptgare Hlavní nádraží an dann op d'Statioun Muzeum, eng weider Ëmklammstatioun.
Weider Statioune sinn dono I. P. Pavlova an der Neistad, an da Vyšehrad am Quartier mat deem Numm. A südëstlecher Richtung iwwer d'StatiounePražského povstání, Pankrác, Budějovická a Kačerov geet et dann an de Quartier Kačerov. Déi lescht véier Statioune Roztyly, Chodov, Opatov an Háje erschléissen déi grouss Wunnquartieren am Süde vun der Stad, déi an den 1970er Joren entstane sinn, a wou eng 100.000 Leit wunnen.
-
Háje
-
Kačerov
-
Quai an der Statioun Hlavní nádraží
-
Quai an der Statioun Nádraží Holešovice
-
Kobylisy
-
Střížkov
-
Letňany
Linn D (am Bau)
[änneren | Quelltext änneren]D'Linn D ass zanter 2022 am Gaang gebaut ze ginn an op 10,5 km vun Náměstí Míruan den Depo Písnice goen.
Usoen
[änneren | Quelltext änneren]All Kéiers, ier d'Dieren zouginn, gëtt d'Uso Ukončete prosím výstup a nástup, dveře se zavírají. ("Haalt w.e.g. mam Eran- an Erausklammen op. D'Diere ginn zou."). Jee no Linn mécht eng aner Persoun (Radfiosspeaker) d'Uso, déi sou bekannt ass wéi de Mind the gap beim Londoner Metro.
Passagéierzuelen
[änneren | Quelltext änneren]Bannent den éischten 30 Joer sinn am Prager Metro iwwer 10 Milliarde Passagéier transportéiert ginn - iwwer 1 Millioun den Dag, mat engem Rekord am Joer 1992 vu 630 Millioune Voyageuren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'éischt koum d'Iddi, zu Prag e Metro ze bauen, 1898 op, ma ass net weiderverfollegt ginn. No der Grënnung vun der Tschechoslowakei am Joer 1918 gouf op en Neies doriwwer diskutéiert. 1926 huet den Ingenieur Jiří Hrusa e Plang virgeluecht, deen zimlech deem vum haut gläicht. Enn 1926 hunn déi zwéin Ingenieure Vladimír List a Bohumil Belada hir Variant vun engem Metro presentéiert. 1939 waren d'Pläng fir e Metro vum Bedreiwer vum Prager Tram souwäit, kënne realiséiert ze ginn, ma déi däitsch Besatzung an de Krich hunn dat net méiglech gemaach.
Wéi d'Kommunisten 1948 un d'Muecht koumen, an et drëms goung, d'Pläng vu virum Krich ëmzesetzen, hunn dës, wéinst ze héije Käschten an aus ideologesche Grënn, des Pläng verworf.
En neien Driff krut de Projet an den 1960er Joren, wéi de Verkéier ëmmer méi zougeholl huet an eng Léisung huet misse fonnt ginn. 1966 gouf d'Linn A an Ugerëff geholl, woubäi d'Sowjetunioun 43.000 Tonnen Eisentübbingen, 21 Rulltreppen a vill aner Elementer geliwwert huet. D'Stad war jorelaang e grousse Schantjen, well d'Tunnellen net gebuert goufen, ma doduerch, dass d'Strooss uewendriwwer opgerappt an nees zougemaach gouf. Deen éischten, 6,6 km laangen Tronçon vun der Linn C tëscht Sokolovská (haut Florenc) a Kačerov gouf den 9. Mee 1974 a Betrib geholl.
Dës Linn gouf op de 7. November 1980 bis Háje an op den 3. November 1984 bis Nádraží Holešovice ausgebaut. De 26. Juni 2004 gouf e weideren Tronçon vun der Linn C opgemaach; se huet, zanter der leschter Verlängerung op Letňany am Mee 2008, eng Längt vun 22,4 Kilometer.
Déi zweet Linn, d'Linn A, goung den Am 12. August 1978 tëscht Náměstí Míru a Dejvická op. No dräi Verlängerunge féiert se zanter dem 4. Juli 1990 bis op den deemolegen Terminus Skalka. Hradčanská a Staroměstská goufen 1997 an 1998 erneiert. Am Summer 2006 gouf d'Linn bis an den Depo Hostivař virugefouert, an de 6. Abrëll 2015 bis bei déi nei Statioun Nemocnice Motol verlängert. Si huet ewell 17,1 Kilometer.
D'Linn B, gouf den 2. November 1985 tëscht Florenc a Smíchovské nádraží a Betrib geholl, woumat den Dräieck am Zentrum komplett war. Den 11. November 1994 gouf se bis op Zličín verlängert, den 8. November 1998 bis Černý Most an dat Joer drop bis Hloubětín a Kolbenova.
Den 22. Februar 1990, no der Samettener Revolutioun, goufen eng Rëtsch Statiounen, deenen hir Nimm en ze staarke realsozialistesche Goût haten, ëmbenannt, sou gouf z.B. aus der Leninova d'Dejvická; Sokolovská gouf zu Florenc, Gottwaldova zu Vyšehrad a Kosmonautů zu Háje.
Bei de groussen Iwwerschwemmunge vun 2002 goufen eng Rëtsch Statioune betraff an de Verkéier war méintelaang ënnerbrach.
Zanter dem Ufank vun den 2020er Jore gëtt un der neier Linn D geplangt a geschafft.
Rullmaterial
[änneren | Quelltext änneren]All Ramme ginn iwwert eng Drëtt Schinn mat 750 Volt beliwwert, a kënne bis zu 80 km/h fueren. D'Voiturë sinn 19,20 m laang an 2,712 m breet. D'Gleiser hunn eng Standardbreet vu 1435 mm.
Zanter den 1990er Joere sinn zwee Typpe vu Gefierer a Betrib:
- D' M1, déi zanter 1998 op der Linn C agesat gëtt, wou se vun 2003 un déi al Rammen op der Linn ersetzt. 48 Ramme mat jee 5 Këschte sinn am Asaz.
- D' 81-71M, eng moderniséiert Versioun vum sowjetesche Modell 81-71. Si gëtt zanter 1990 agesat a fiert op de Linnen A a B.
Serie | ausgeliwwert | suppriméiert | Constructeur | Zuel vun de gebaute Rammen | Illustratioun |
---|---|---|---|---|---|
Ečs | 1974 - 1976 | 1997 | Metrovagonmash | 17 | ![]() |
81-717/714 | 1978 - 1990 | 2009 (ëmgebaut an 81-71M) | Metrovagonmash | 65 | ![]() |
81-71M | 1996 - 2011 | a Betrib | Škoda Transportation | 93 | ![]() |
M1 | 1998 - 2011 | a Betrib | ČKD | 53 | ![]() |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Walter J. Hinkel, Karl Treiber, Gerhard Valenta, Helmut Liebsch: U-Bahnen – gestern-heute-morgen – von 1863 bis 2010. Schmid, Wien 2004, ISBN 978-3-900607-44-9
- Pavel Adámek, František Prošek: Slang pražských dopraváků. Dopravní Podnik hl. m. Prahy, 2001, ISBN 978-80-238-8071-7.
- Eduard Škoda: Pražský chodec v Metru. Mladá Fronta, Praha 2006, ISBN 80-204-1412-6
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Prager Metro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "In Prag wird neuer Abschnitt der Metro eröffnet." radio.cz, 06.04.2015.