Premierministere vun Israel

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bei senger Grënnung 1948 huet de Staat Israel e parlamentaresche Regierungssystem gewielt, mat engem Premierminister (hebr. ראש הממשלה, Rosch haMemschala "Ieweschte Chef vun der Regierung") un der Spëtzt vun der Regierung an engem President als Staatschef mat virun allem representative Funktiounen.

Wéi 1996 d'Direktwal vum Premierminister agefouert gouf, ass dësem seng Roll nach gestäerkt ginn, doduerch datt hie vun do un net méi vun enger Majoritéit am Parlament ofhängeg war. Well d'Direktwal sech awer net bewäert huet, ass Israel an der Tëschenzäit erëm op den ale System zeréckkomm.

Premierministere vun Israel[änneren | Quelltext änneren]

Véier vun hinne ware wärend zwou Perioden, déi net direkt hannerenee louchen, a Funktioun.

Numm Amtsuntrëtt Enn vun der Amtszäit Partei
1 David Ben Gurion 1948 1954 Mapai
2 Mosche Scharet 1954 1955 Mapai
David Ben Gurion (2. Kéier) 1955 1963 Mapai
3 Levi Eschkol 1963 1969 (gestuerwen am Amt) Mapai
4 Golda Meir 1969 1974 Mapai
5 Jitzchak Rabin 1974 1977 Mapai
6 Menachem Begin 1977 1983 Likud
7 Jitzchak Schamir 1983 1984 Likud
8 Schimon Peres 1984 1986 Aarbechterpartei (Israel)
Jitzchak Schamir (2. Kéier) 1986 1992 Likud
Jitzchak Rabin (2. Kéier) 1992 1995 (am Amt ermuert) Aarbechterpartei (Israel)
Schimon Peres (2. Kéier) 1995 1996 Aarbechterpartei (Israel)
9 Benjamin Netanjahu 1996 1999 Likud
10 Ehud Barak 1999 2001 Aarbechterpartei (Israel)
11 Ariel Scharon 2001 2006 (wéinst schwéierer Krankheet geschäftsonfäeg deklaréiert) Likud, Kadima**
12 Ehud Olmert 2006 2009 (wéinst Korruputionsaffären zeréckgetruede ginn) Kadima
Benjamin Netanjahu (2. Kéier) 2009 2021 Likud
13 Naftali Bennett 2021 2022 Yamina
14 Yair Lapid 2022 2022 Yesh Atid
Benjamin Netanjahu (3. Kéier) 2022 Likud

(*) 1968 ass d'Mapai mat anere Parteien ënner dem Numm Ma'arach zesummegaangen, eng Formatioun, déi de Virleefer vun der Aarbechterpartei vun haut ass.

(**) Am November 2005 ass de Scharon aus dem Likud ausgetratt an huet mat anere fréiere Likud-Memberen déi nei liberal Partei Kadima gegrënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Premierministere vun Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien