Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia
De Logo vun der Lëtzebuerger Presidence 2015[1]

D'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkierzt EU-Presidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi dora besteet, sämtlech Reunioune vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deene Reunioune Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.

Et gëtt net "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mä et ass all Kéier dee Fachminister aus dem Land, dat d'Presidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z. B. ëm e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Presidence huet.

Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech véiermol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. Bis 2009 hat dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Presidence vum Conseil hat, d'Presidence dovun. Zënterhier gëtt et e permanente President, de President vum Europäesche Conseil (zënter 2014 den Donald Tusk, virdun den Herman Van Rompuy).

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Presidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten derbäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmt Land erëm eng Kéier d'Presidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, gëtt et Iwwerleeungen, dee System z'änneren.

1958 - 2006[änneren | Quelltext änneren]

Presidencen
Joer Semester Land mat der Presidence Responsabele Minister Websäit
1958 Januar - Juni Belsch Victor Larock -
Juli - Dezember Däitschland Heinrich von Brentano -
1959 Januar - Juni Frankräich Maurice Couve de Murville -
Juli - Dezember Italien Giuseppe Pella -
1960 Januar - Juni Lëtzebuerg Eugène Schaus -
Juli - Dezember Holland Joseph Luns -
1961 Januar - Juni Belsch Paul-Henri Spaak -
Juli - Dezember Däitschland Gerhard Schröder -
1962 Januar - Juni Frankräich Maurice Couve de Murville -
Juli - Dezember Italien Emilio Colombo -
1963 Januar - Juni Lëtzebuerg Eugène Schaus -
Juli - Dezember Holland Joseph Luns -
1964 Januar - Juni Belsch Hendrik Fayat -
Juli - Dezember Däitschland Gerhard Schröder -
1965 Januar - Juni Frankräich Maurice Couve de Murville -
Juli - Dezember Italien Amintore Fanfani -
1966 Januar - Juni Lëtzebuerg Pierre Werner -
Juli - Dezember Holland Barend Biesheuvel -
1967 Januar - Juni Belsch Renaat Van Elslande -
Juli - Dezember Däitschland Willy Brandt -
1968 Januar - Juni Frankräich Maurice Couve de Murville -
Juli - Dezember Italien Giuseppe Medici -
1969 Januar - Juni Lëtzebuerg Pierre Grégoire -
Juli - Dezember Holland Joseph Luns -
1970 Januar - Juni Belsch Pierre Harmel -
Juli - Dezember Däitschland Walter Scheel -
1971 Januar - Juni Frankräich Maurice Schumann -
Juli - Dezember Italien Aldo Moro -
1972 Januar - Juni Lëtzebuerg Gaston Thorn -
Juli - Dezember Holland Norbert Schmelzer -
1973 Januar - Juni Belsch Pierre Harmel -
Juli - Dezember Dänemark Ivar Nørgaard -
1974 Januar - Juni Däitschland Walter Scheel -
Juli - Dezember Frankräich Jean Sauvagnargues -
1975 Januar - Juni Irland Garret FitzGerald -
Juli - Dezember Italien Mariano Rumor -
1976 Januar - Juni Lëtzebuerg Gaston Thorn -
Juli - Dezember Holland Max van der Stoel -
1977 Januar - Juni Vereenegt Kinnekräich Anthony Crosland, an duerno David Owen -
Juli - Dezember Belsch Henri Simonet -
1978 Januar - Juni Dänemark Knud Børge Andersen -
Juli - Dezember Däitschland Hans-Dietrich Genscher -
1979 Januar - Juni Frankräich Jean François-Poncet -
Juli - Dezember Irland Michael O'Kennedy -
1980 Januar - Juni Italien Attilio Ruffini -
Juli - Dezember Lëtzebuerg Colette Flesch -
1981 Januar - Juni Holland Chris van der Klaauw -
Juli - Dezember Vereenegt Kinnekräich Peter Alexander Rupert Carington -
1982 Januar - Juni Belsch Léo Tindemans -
Juli - Dezember Dänemark Uffe Ellemann-Jensen -
1983 Januar - Juni Däitschland Hans-Dietrich Genscher -
Juli - Dezember Griicheland Grigóris Várfis -
1984 Januar - Juni Frankräich Roland Dumas -
Juli - Dezember Irland Peter Barry -
1985 Januar - Juni Italien Giulio Andreotti -
Juli - Dezember Lëtzebuerg Jacques Poos -
1986 Januar - Juni Holland Hans van den Broek -
Juli - Dezember Vereenegt Kinnekräich Geoffrey Howe -
1987 Januar - Juni Belsch Léo Tindemans -
Juli - Dezember Dänemark Uffe Ellemann-Jensen -
1988 Januar - Juni Däitschland Hans-Dietrich Genscher -
Juli - Dezember Griicheland Theodoros Pangalos -
1989 Januar - Juni Spuenien Francisco Fernández Ordóñez -
Juli - Dezember Frankräich Roland Dumas -
1990 Januar - Juni Irland Gerard Collins -
Juli - Dezember Italien Gianni De Michelis -
1991 Januar - Juni Lëtzebuerg Jacques Poos -
Juli - Dezember Holland Hans van den Broek -
1992 Januar - Juni Portugal João de Deus Pinheiro -
Juli - Dezember Vereenegt Kinnekräich Douglas Hurd -
1993 Januar - Juni Dänemark Poul Nyrup Rasmussen -
Juli - Dezember Belsch Willy Claes -
1994 Januar - Juni Griicheland Károlos Papoúlias -
Juli - Dezember Däitschland Klaus Kinkel -
1995 Januar - Juni Frankräich Alain Juppé -
Juli - Dezember Spuenien Javier Solana -
1996 Januar - Juni Italien Lamberto Dini -
Juli - Dezember Irland Dick Spring -
1997 Januar - Juni Holland Hans van Mierlo -
Juli - Dezember Lëtzebuerg Jacques Poos -
1998 Januar - Juni Vereenegt Kinnekräich Robin Cook presid.fco.gov.uk (archive)
Juli - Dezember Éisträich Wolfgang Schüssel presidency.gv.at (archive)
1999 Januar - Juni Däitschland Joschka Fischer -
Juli - Dezember Finnland Tarja Halonen presidency.finland.fi (archive)
2000 Januar - Juni Portugal Jaime Gama -
Juli - Dezember Frankräich Hubert Védrine -
2001 Januar - Juni Schweden Anna Lindh eu2001.se (Archive)
Juli - Dezember Belsch Louis Michel eu2001.be
2002 Januar - Juni Spuenien Josep Piqué i Camps ue2002.es
Juli - Dezember Dänemark Per Stig Møller eu2002.dk
2003 Januar - Juni Griicheland Georges Papandréou eu2003.gr
Juli - Dezember Italien Franco Frattini eu2003.it
2004 Januar - Juni Irland Brian Cowen eu2004.ie
Juli - Dezember Holland Ben Bot eu2004.nl
2005 Januar - Juni Lëtzebuerg Jean Asselborn eu2005.lu[2]
Juli - Dezember Vereenegt Kinnekräich Jack Straw an Douglas Alexander eu2005.gov.uk
2006 Januar - Juni Éisträich Ursula Plassnik eu2006.at
Juli - Dezember Finnland Erkki Tuomioja eu2006.fi

Zënter 2007[änneren | Quelltext änneren]

Am Traité iwwer eng Europäesch Constitutioun war virgesinn, datt de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit kee nationaalt Mandat kéint hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:

D'Presidence gëtt zënter 2007 un vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéier ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet derbäi ass. D'Iddi ass, datt sou de Programm op annerhallef Joer festgeluecht ka ginn (déi 3 musse sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt s'all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.

Presidencen
Joer Semester Land mat der Presidence Responsabele Minister Websäit
2007 Januar - Juni Däitschland Frank-Walter Steinmeier eu2007.de
Juli - Dezember Portugal Luís Amado eu2007.pt
2008 Januar - Juni Slowenien Dimitrij Rupel eu2008.si
Juli - Dezember Frankräich Bernard Kouchner a Jean-Pierre Jouyet duerno Bruno Le Maire ue2008.fr
2009 Januar - Juni Tschechesch Republik Alexandr Vondra duerno Štefan Füle eu2009.cz
Juli - Dezember Schweden Carl Bildt a Cecilia Malmström se2009.eu
2010 Januar - Juni Spuenien Miguel Ángel Moratinos an Diego López Garrido eu2010.es
Juli - Dezember Belsch Steven Vanackere an Olivier Chastel eu2010.be
2011 Januar - Juni Ungarn János Martonyi eu2011.hu
Juli - Dezember Polen Radosław Sikorski pl2011.eu
2012 Januar - Juni Dänemark Villy Søvndal an Nicolai Wammen eu2012.dk
Juli - Dezember Zypern Erató Kozákou-Markoullí an Andréas Mavroyiánnis cy2012.eu
2013 Januar - Juni Irland Eamon Gilmore eu2013.ie
Juli - Dezember Litauen Linas Antanas Linkevičius eu2013.lt
2014 Januar - Juni Griicheland Evangélos Vénizélos gr2014.eu
Juli - Dezember Italien Federica Mogherini duerno Paolo Gentiloni italia2014.eu
2015 Januar - Juni Lettland Edgars Rinkēvičs eu2015.lv
Juli - Dezember Lëtzebuerg Jean Asselborn eu2015lu.eu
2016 Januar - Juni Holland Bert Koenders eu2016.nl
Juli - Dezember Slowakei Miroslav Lajčák eu2016.sk
2017 Januar - Juni Malta Joseph Muscat eu2017.mt
Juli - Dezember Estland Jüri Ratas eu2017.ee
2018 Januar - Juni Bulgarien Ekaterina Sachariewa eu2018bg.bg
Juli - Dezember Éisträich Gernot Blümel eu2018.at
2019 Januar - Juni Rumänien Teodor Meleșcanu romania2019.eu
Juli - Dezember Finnland

D'Lëtzebuerger Presidencen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg hat bis ëwell (2015 matgerechent) 12-mol d'Presidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossieren: 1966 z. B. koum et zum "Kompromëss vu Lëtzebuerg", deen der franséischer "Politik vum eidele Stull" en Enn gemaach huet. D'Presidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu wärungspoliteschen Theme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënner dem Androck vun der Wärungskris vun de Jore virdrun, an déi zweet war geprägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff "I want my money back!" ("Ech wëll meng Suen erëm!").

1985 koum et ënner Lëtzebuerger Presidence zum Ausschaffe vum Eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ë. a. d'Ofstëmme mat qualifizéierter Majoritéit am Conseil a méi Matbestëmmung fir d'Europäescht Parlament erméiglecht huet. D'Presidence vun 1991 stoung ënner dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiekrich, mä hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer drop zu Maastricht als Traité iwwer d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.

1997 stoung d'Bekämpfung vum Chômage am Mëttelpunkt; et koum zu der "koordonnéierter Strategie fir Aarbechtsplazen".

Bei der Presidence vun 2005 hunn d'Suen erëm eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwer de Kader vum EU-Budget fir d'Joren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord konnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënner der brittescher Presidence zustan komm.

Bei der Presidence vun 2015 stinn och erëm däreg Dossieren um Programm: D'Staatsscholdekris vu Griicheland (an domat verbonnen de méiglechen Austrëtt vu Griicheland aus dem Euro - de sougenannte Grexit), déi onstabel Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien (an e Referendum iwwer e méiglechen Austrëtt aus der EU - de sougenannte Brexit) an dann nach d'Immigratiounspolitik vun der EU no der Flüchtlingskris.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.eu2015lu.eu
  2. Websäit vun der Regierung
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.