Op den Inhalt sprangen

President vun de Vereenegte Staaten

Vu Wikipedia
President vun de Vereenegte Staate vun Amerika
President of the
United States of America
Sigel vum President vun de Vereenegte Staaten
Standart vum President
vun de Vereenegte Staaten
am Amt
Donald Trump
zanter dem 20. Januar 2025
Uried The Honorable (formell)
Mr. President (informell)
His Excellency (diplomatesch)
Amtssëtz Wäisst Haus
Amtszäit 4 Joer
(héchstens eng Kéier erëmgewielt)
Nofollger Vizepresident
Stellvertrieder Vizepresident
Lescht Wal 5. November 2024
Nächst Wal 7. November 2028
Schafe vum Amt Mat der Constitutioun vun de Vereenegte Staaten de 4. Mäerz 1789
Éischten am Amt George Washington
Websäit www.whitehouse.gov

De President vun de Vereenegte Staate vun Amerika ((en) President of the United States of America), dacks als US-President gekierzt, ass engersäits de Staatschef, awer och de Regierungschef an den ieweschte Kommandant vun den Arméie vun de Vereenegte Staaten.

De President gëtt all véier Joer gewielt; zanter 1951 kann en héchstens eemol zeréckgewielt ginn.

Den aktuelle President ass zanter dem 20. Januar 2025 de Republikaner Donald Trump. Hie ass de 45. Mann an deem Amt, a gëtt als de 47. President gezielt, well déi zwou Amtszäite vum Grover Cleveland (22. a 24. President) a vum Trump (45. a 47.) net direkt hannerenee waren an dowéinst separat gezielt ginn. Et gouf nach ni eng Presidentin.

D'Wal vum President ass indirekt: d'Bierger vun den eenzele Bundesstaate stëmmen iwwer d'Walleit of, déi den Electoral College bilden. Dee wielt de President. Wa kee vun de Kandidaten eng Majoritéit kritt, dann decidéiert d'Representantenhaus, sou wéi et bei de Presidentschaftswale vun 1800 an 1824 de Fall war. Gläichzäiteg gëtt mam President e Vizepresident gewielt. Deen huet, der Constitutioun no, nëmmen d'Aufgab d'Presidence am Senat z'iwwerhuelen. Wann awer e President, wéinst Doud, Récktrëtt oder Ofsetzung, virleefeg aus dem Amt scheet, kënnt de Vizepresident fir de Rescht vun der Walperiod mat alle Rechter op seng Plaz. De President ernennt d'Ministeren ((en) Secretaries), déi zesumme mat him d'Regierung bilden. Si musse vum Senat bestätegt ginn. Änlech ass et um Ieweschte Geriichtshaff: wann eng Riichterplaz fräigëtt, da schléit de President en neie Riichter vir, dee vum Senat bestätegt muss ginn.

 Commons: Presidente vun de Vereenegte Staaten – Biller, Videoen oder Audiodateien