President vun der Europäescher Kommissioun
De President vun der Europäescher Kommissioun (Kommissiounspresident) presidéiert, wéi säin Numm et seet, d'Europäesch Kommissioun (offiziell: Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten", dacks, fir et méi einfach ze maachen, "EU-Kommissioun" oder "d'Kommissioun" genannt).
Hie gëtt vun de Regierunge vun den EU-Memberstaaten ernannt an duerno vum Europäesche Parlament confirméiert.
Hien ernennt, op Virschlag vun de Regierungen, d'Membere vun der Europäescher Kommissioun, och "Kommissäre" genannt, déi hirersäits mussen en bloc vum Parlament d'Vertraue votéiert kréien. Duerch den Traité vun Nice huet de Kommissiounspresident d'Méiglechkeet kritt, d'Portefeuillë vun de Kommissiounsmemberen nei ze verdeelen oder se ze froen, zeréckzetrieden.
Seng Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]
De Kommmissiounspresident kann déi grouss politesch Linne vun der Kommissioun bestëmmen. Hien organiséiert a leet d'Reunioune vum Kommissiounscollège (déi gewéinlech all mëttwochs moies sinn).
Hie vertrëtt weiderhin d'Kommissioun, wann den Europäesche Conseil zesummekënnt, bei de Reunioune vum G8 (den 8 gréissten Industrienatiounen) a bei de Sessioune vum Europäesche Parlament.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Dat haitegt Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun geet zeréck op dat vum President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, dat et zanter 1952 gëtt. Vun Ufank un gouf d'Héich Autoritéit och 'Kommissioun' genannt. 1958 goufen nieft der CECA d'Europäesch Atom-Communautéit and d'Europäesch Ekonomesch Communautéit (och bekannt als 'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft', EWG) geschaf. 1967 hunn dës 3 Communautéiten zu den Europäesche Communautéite fusionéiert; hir Exekutivorganer goufen och zesummegeluecht zur "Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten".
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften.
Kommissiounspresidenten[änneren | Quelltext änneren]
Presidente vun der Héijer Autoritéit, och 'Kommissioun' vun der CECA genannt:
- 1952-1955 Jean Monnet
- 1955-1958 René Mayer
- 1958-1959 Paul Finet
- 1959-1963 Piero Malvestiti
- 1963-1967 Dino Del Bo
Presidente vun der Kommissioun vun der Europäescher Ekonomescher Communautéit (1958-1967), an den Europäesche Communautéiten (vun 1967 un):
Numm | vun | bis | Land |
---|---|---|---|
Walter Hallstein | 10. Januar 1958 | 30. Juni 1967 | ![]() |
Jean Rey | 6. Juli 1967 | 30. Juni1970 | ![]() |
Franco Maria Malfatti | 1. Juli 1970 | 21. Mäerz 1972 | ![]() |
Sicco Leendert Mansholt | 22. Mäerz 1972 | 5. Januar 1973 | ![]() |
François-Xavier Ortoli | 6. Januar 1973 | 5. Januar 1977 | ![]() |
Roy Jenkins | 6. Januar 1977 | 5. Januar 1981 | ![]() |
Gaston Thorn | 6. Januar 1981 | 5. Januar 1985 | ![]() |
Jacques Delors | 6. Januar 1985 | 22. Januar 1995 | ![]() |
Jacques Santer | 23. Januar 1995 | 15. Mäerz 1999 | ![]() |
Manuel Marin | 16. Mäerz 1999 | 15. September 1999 | ![]() |
Romano Prodi | 16. September 1999 | 21. November 2004 | ![]() |
José Manuel Durão Barroso | 22. November 2004 | 31. Oktober 2014 - | ![]() |
Jean-Claude Juncker | 1. November 2014 | 30. November 2019 | ![]() |
Ursula von der Leyen | 1. Dezember 2019 | aktuell | ![]() |