Presidententrick
Presidententrick oder Presidentebedruch (fr.: fraude oder escroquerie au président, en.: CEO fraud) ass eng kriminell Bedruchsmethod déi dora besteet, Organisatiounen oder Firmaen dozou ze bréngen, ënner dem Virspille vu falschen Tatsaache Suen op auslännesch Konten z'iwwerweisen, vu wou se da séier duerch weider Virementen, déi schwéier nozevollzéie sinn, bei den Täter landen.
De "Pitch" vum Trick ass deen, dass eng Persoun an enger Organisatioun oder Firma, déi berechtegt ass, Finanztransaktiounen ze maachen oder unzeuerdnen, ënner falscher Identitéit (meeschtens per E-mail) kontaktéiert gëtt. Hir gëtt virgespillt, si stéing am Kontakt mam President vun där Firma/Organisatioun, an dëse wier am Gaang eng Operatioun z'organiséieren, (z. B. eng Acquisitioun), vun där am Moment nach keen eppes dierft gewuer ginn, a fir déi séier, vill Sue gebraucht géife ginn[1].
D'Zil ass et, d'Affer dozou ze bréngen, Iwwerweisungen aus der Firma eraus ze maache fir dës vermeintlech Aktioun ze finanzéieren, ouni datt si oder aner Persounen an der Firma – an éischter Linn dee richtege President – Verdacht schëpfen. Wann d'Sue bis fort sinn, ass et extreem schwéier, wann iwwerhaapt, se nees erëmzekréien.
Den Trick funktionéiert ëmmer nees, well d'Täter am Virfeld Informatiounen iwwer hir d'Zil-Organsiatioun/Firma an hir Mataarbechter (absënns och iwwer hir Zilpersoun) sammelen, fir e méiglechst realisteschen Zenario opzesetzen an eventuell Schwaachstellen erauszefannen; a well d'Affer duerch objektiven (d'hierarchesch Struktur) a subjektiven Drock (dat vermeintlecht "Geheimnis" an dat een "ageweit" ass, vermeintlech Unerkennung oder och Menacë vum Chef, asw.) dozou bruecht ginn, dat ze maachen, wat s'ugestallt ginn. Dacks gëtt och vun enger aussergewéinlecher Situatioun profitéiert (de Chef ass net do, Personalmangel, Congésperiod, Neierungen, Ëmstrukturéierungen, déi am Gaang sinn, …).
Dës Bedruchsmasch ass an den 2020er Joren am Gaang zouzehuelen, weltwäit, an och zu Lëtzebuerg.
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Och zu Lëtzebuerg hëlt dës Bedruchsmasch zou: eleng 2024 huet de Parquet an 13 esou Fäll enquêtéiert[2]. Déi bis ewell spektakuläerst Affär an deem Beräich ass d'Caritas-Affär, woubäi der ONG Caritas Lëtzebuerg tëscht Februar a Juli 2024, warscheinlech duerch deen Trick, 61 Milliounen Euro geklaut goufen[3].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Caritas-Affär.
D'Wuert "Presidententrick" gouf doropshin zum Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024 erausgesicht.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L’escroquerie au Président. Brochure op spuerkeess.lu, November 2023 (nogekuckt: 22.04.2025).
- ↑ Dan Wiroth: "13 cas de 'fraude au président' traités par le parquet de Luxembourg depuis janvier 2024."info.rtl.lu, 12.12.2024.
- ↑ Thomas Klein: "Was ist der aktuelle Stand in der Caritas-Affäre?" wort.lu, 19.11.2024.