Op den Inhalt sprangen

PricewaterhouseCoopers

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
PricewaterhouseCoopers
Logo
De PwC-Tuerm zu Madrid
Grënnungsdatum 1995
Land Vereenegt Kinnekräich
Sëtz London
Mataarbechter 195.000
  (2018; 30. Juni 2021)
Ëmsaz 41.300.000.000 US-Dollar
  (2018; 2011; 30. Juni 2021)
Branche Audit
Homepage https://www.pwc.com/

PricewaterhouseCoopers, och bekannt als PwC, ass eng brittesch multinational Berodungsfirma mat Sëtz zu London.

Et ass déi zweetgréisst Berodungsfirma op der Welt a gehéiert zesumme mat Deloitte, EY a KPMG zu den „Big Four“. D'Netzwierk vu PwC gëtt iwwert PricewaterhouseCoopers International Limited iwwerwaacht, enger privater Gesellschaft no engleschem Recht.

PwC ass an 149 Länner aktiv an huet méi wéi 370.000 Mataarbechter. D'Firma an hirer aktuelle Form ass 1998 duerch en Zesummeschloss vun den zwou Firme Coopers & Lybrand a  Price Waterhouse entstanen.

Presenz zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Firma PricewaterhouseCoopers ass eng Genossenschaft, déi den 18. Juni 1998 gegrënnt gouf[1]. Mat ronn 3.600 Mataarbechter ass PwC dee siwentgréissten Employeur zu Lëtzebuerg an déi gréisst Berodungsfirma (Stand 2025).[2] De Sëtz ass am Gaasperecher Bann, op 2 rue Gerhard Mercator an der Stad.

2014 koum PwC Lëtzebuerg duerch déi sougenannt LuxLeaks Affär weltwäit an d'Schlagzeilen.

Managing Partners

[änneren | Quelltext änneren]
  • Marie-Jeanne Chèvremont (1998 – 2007)
  • Didier Mouget (2007 – 2014)
  • John Parkhouse (2015 – 2022)
  • François Mousel (2023 – )

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. gekuckt am Handelsregëster (lbr.lu) ënnert der Nummer B65477
  2. Les principaux employeurs au Luxembourg d’après l’effectif classés par taille, Luxemborg, Statec, 2025.