Primavera (Supermarché)
| Primavera | |
|---|---|
|
| |
| Typ | S.à.r.l. |
| Grënnungsdatum | 1974 |
| Land | Lëtzebuerg |
| Sëtz |
Stad Lëtzebuerg |
| Mataarbechter | 45 (2024) |
| Produit | Supermarché |
| RCS | B12090 |
| Homepage | primavera.lu |
|
| |

Primavera ass eng lëtzebuergesch Supermarchéschaîne, déi op eng portugisesch Konnschaft spezialiséiert ass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den éischte Primavera gouf am Mee 1974 als kleng portugisesch Epicerie vun der Koppel Rui Manuel Fernandes an Irène Fernandes an der Stater Joseph-Junck-Strooss opgemaach. Si erënnere sech net méi, firwat si dem Buttek deen Numm ginn hunn; an engem Interview 2024 huet de Rui Manuel Fernandes gesot, et kéint si wëll de Buttek am Fréijoer seng Dieren opgemaach huet ("Primavera" bedeit "Fréijoer" op Portugisesch).[1]
Deen éischte Buttek war nëmme 60 Quadratmeter grouss. Wéinst sengem Succès ass en an e Lokal mat 1.500 Quadratmeter geplënnert, an duerno nach eng Kéier a Raimlechkeete mat bal 2.000 Quadratmeter.[1]
Ufank 2014 huet de Primavera e klengen Akafszentrum mat Supermarché a Restaurant zu Gaasperech opgemaach, am fréiere Redaktiounsgebai vum Télécran. Zum Supermarché zielen eng Bäckerei, eng Metzlerei, e Fëschbuttek an en Traiteursservice. An de Regaler stinn eegenen Aussoen no iwwer 5.000 Produiten aus Portugal, Brasilien, dem Cap Vert a Südamerika. De Supermarché an der Joseph-Junck-Strooss gouf zougemaach an d'Galerie Kons, d'Gebai an deem e vun 1992 u war, gouf ofgerappt.[2][3]
Nieft dem "Primavera Centre Commercial" zu Gaasperech gëtt et nach dräi Butteker mam Numm "Primavera Market" zu Déifferdeng, zu Réimech an an der Rue Jean-Origer op der Gare an der Stad Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (fr) Tiago Rodrigues, Rui Manuel, le patron des supermarchés Primavera, souhaite se lancer dans une nouvelle formule. virgule.lu (16. Abrëll 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (pt) Primavera vai abrir centro comercial em Gasperich. contacto.lu (18. September 2013). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (en) Old building razed for new bank offices. luxtimes.lu (10. Oktober 2014). Gekuckt den 22. Januar 2025.
