Primož Trubar

Vu Wikipedia
Kofferstéch vum Primož Trubar

De Primož Trubar, (och latiniséiert Primus Truber), gebuer ëm den 9. Juni 1508 zu Rašica a gestuerwen den 28. Juni 1586 zu Derendingen (haut e Quartier vun Tübingen), war e sloweenesche protestantesche Geeschtlechen a Reformator.

Hie war deen éischte Chef vun der sloweenescher protestantescher Kierch, Auteur vum éischte gedréckte Buch op Sloweenesch (Catechismus) an huet wichteg Aarbecht geleescht fir d'sloweenesch Sprooch ze vereenheetlechen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Catechismus (1550, op en Neits 1555, dat éischt Buch op Sloweenesch)
  • Abecedarium (1550 oder 1551, op en Neits 1555 a 1566)
  • Pesmarica (Lidderbuch, 1551, 1595)
  • Ta evangeli sv. Matevža (1555)
  • Ena molitov tih krščenikov, kir so zavolo te prave vere v jezusa Kristusa pregnani (1555)
  • Ta prvi dejl tiga noviga testamenta (1557)
  • Ta slovenski koledar (1557, Neioplo 1582)
  • En regišter... Ena kratka postila (1558)
  • Ta drugi dejl tiga noviga testamenta (1560)
  • Sv. Pavla ta dva listi (1561)
  • Artikuli oli dejli te prave stare vere krščanske (1562)
  • Slovenska cerkovna ordninga (Sloweenesch Kierchenuerden, 1564)
  • Ta celi psalter Davidov (All d'Psalme vum David, 1566)
  • Ta celi katehismus (1567, Neioplo 1574)
  • Sv. Pavla listuvi (1567)
  • Ena duhovska pesem (1567)
  • Eni psalmi (1567, Neioplo 1574)
  • Tri duhovske pejsni (1575)
  • Noviga testamenta pusledni dejl (1577)
  • Ta prvi psalm ž nega trijemi izlagami (1579)
  • Ta celi nov testament (1582)
  • Hišna postila (1595, posthum vu sengem Jong erausginn)

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Trubar ass op der Sloweenescher 1-Euro-Mënz ze gesinn. 2008 koum eng Gedenkmënz vun 2 Euro eraus, zu Éiere vu sengem 500. Gebuertsdag.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Primož Trubar – Biller, Videoen oder Audiodateien