Programméiersprooch

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Programméiersprooch ass eng standardiséiert Kommunikatiounstechnik fir engem Computer Instruktiounen ze ginn.

E Programméierer muss sech un d'syntaktesch a semantesch Reegele vun enger Programméiersprooch halen, fir e Computerprogramm ze schreiwen, deen dem Computer seet, mat wat fir Donnéeën e schaffe solle a wat mat hinne geschéie soll, dacks ofhängeg vun internen oder externen Ereegnisser, wéi z. B. engem Mausklick op en OK-Knäppchen.

E Computer kann nëmmen am Binär-System schaffen (mat Nullen an Eenten). Wann een elo e Programm schreiwe wëll, da misst een deemno och am Binär-System de Programm schreiwen – fir datt een dat awer net muss, gëtt et sougenannte Programméiersproochen. Wann een e Programm geschriwwen huet a sou enger Programméiersprooch, da gëtt de Quelltext vun engem spezielle Computerprogramm, engem Compiler an de Binär-System ëmgesat, soudatt de Computer et och versteet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Programméiersproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien