Projet de loi

Als Projet de loi oder Gesetzesprojet bezeechent een am Allgemengen d'Initiativrecht vun der Regierung (fr. initiative gouvernementale) fir e Virschlag fir en neit Gesetz maachen. Déi Bezeechnung gëtt et absënns zu Lëtzebuerg, a Frankräich, der Belsch oder der Schwäiz. An Däitschland schwätzt ee vun engem Regierungsentwurf an am Vereenegte Kinnekräich vun engem Government bill.
Situatioun zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Der Verfassung no, fält et an d'Kompetenz vun der Regierung, fir Projet-de-loien an der Chamber ze deposéieren.
„D'Regierung deposéiert Gesetzesprojete bei der Chamber.“
Op der enger Säit kann de Legislateur d'Regierung net zwéngen, e Gesetzesprojet ze deposéieren; d'Initiativrecht vun der Regierung kann op keng Manéier bedéngt oder limitéiert ginn. Op der anerer Säit kann d'Regierung sech net vertraglech dozou verflichten, e Gesetzesprojet net an der Chamber ze deposéieren.
An der Praxis baséiere bal all Gesetzer op engem Projet de loi, kommen deemno vun der Regierung.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Legislativ Prozedur (Lëtzebuerg).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Besch, Marc: (2026). Normes et légistique en droit public luxembourgeois. 2e éd., Windhof: Larcier-Intersentia, ISBN 978-2-49675-020-1
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Proposition de loi: d'Initiativrecht vun den Deputéierten
- Initiativrecht vun de Bierger
Quell
[änneren | Quelltext änneren]Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch, an der Literatur, S. 374
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Projet de loi – Biller, Videoen oder Audiodateien |