Prokopis Pavlopoulos

Vu Wikipedia
Prokopis Pavlopoulos
Gebuer 10. Juli 1950
Nationalitéit Griicheland
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas,
Universitéit vun Athen
Aktivitéit Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser, Jurist

De Prokopis Pavlopoulos (gr.: Προκόπης Παυλόπουλος), gebuer den 10. Juli 1950 zu Kalamata, ass e griichesche Jurist a Politiker. Hie gouf den 18. Februar 2015 zum grichesche President gewielt a war dat vum 13. Mäerz 2015 bis den 13. Mäerz 2020.

De Prokopis Pavlopoulos huet zu Paräis op der Universitéit Panthéon-Assas Verfassungs- a Verwaltungsrecht studéiert an huet zënter 1980 op der Universitéit Athen Course ginn, zënter1986 als Professer. Donieft war hie Conseiller vun e puer konservative griichesche Ministerpresidenten.

Vun November 1989 bis Abrëll 1990 war hien delegéierte Minister beim Ministerpresidenten Porte-parole vun der Regierung vum Xenophon Zolotas, vun 1990 bis 1995 Conseiller vum President Konstantinos Karamanlis a politesche Conseiller vum President vun der Partei Nea Dimokratia (ND), dem Miltiadis Evert. Bei de Parlamentswale vun 1996 an 2000 gouf hien als Deputéierte vun der ND an déi griichesch Chamber gewielt. 2004 bis 2009 war de Pavlopoulos Inneminister an der Regierung vum Kostas Karamanlis.

Bei der Presidentewal 2014/2015 goud e Pavlopoulos den 18. Februar 2015 als Kandidat vun der SYRIZA-ANEL-Koalitioun ënnert dem Ministerpresident Alexis Tsipras mat 233 vun 300 Stëmmen zum President vun der Hellenescher Republik gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prokopis Pavlopoulos – Biller, Videoen oder Audiodateien