Prometheus

Vu Wikipedia

De Prometheus (gr. "deen am Viraus denkt") ass an der griichescher Mythologie ee vun den Titanen, Jong vum Iapetos an der Klymene a Brudder vum Epimetheus, vum Atlas a vum Menoitios.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Den Hephaistos kett de Prometheus un, Dirck van Baburen, 1623, Rijksmuseum Amsterdam

De Prometheus gëtt als eng Persoun déi guddes mécht, e Kulturbrénger, als een deen der Mënschheet hëlleft ugesinn. Et war hien deen aus engem Stéck Toun deen éischte Mënsch geformt huet an d'Athene déi him Liewen agehaucht huet. No an no huet d'Äerd sech du mat Mënsche bevëlkert, mä si ware naiv, hu vun näischt eppes kannt a wousste mat näischt eppes unzefänken.

Dunn ass de Prometheus opgetrueden an huet si héieren a kucke geléiert, huet hinne gewise wéi een den Dag nom Laf vun de Stären andeelt an d'Joer no de Saisonen. Duerno huet en hinne bäibruecht d'Déieren ze domestizéieren, mat Steng, Zillen an Holz ze schaffen, Haiser ze bauen a Schëffer, an huet si an der Navigatioun ënnerriicht. Dat eenzegt wat de Mënschen duerno nach gefeelt huet war d'Feier.

D'Gëtter, virun allem den Zeus hu vun de Mënschen d'Unerkennung vun hirer Herrschaft verlaangt an datt si se sollte veréiere fir de Schutz deen d'Gëtter hinne gewieren. D'Mënsche waren domat averstanen, an hunn de Prometheus geschéckt fir mat de Gëtter ze verhandelen, mä deen huet versicht den Zeus eranzeleeën. En huet e Stéier erluecht an 2 Kéip gemaach, ee grousse mat de Schanken a mam Fett, an ee méi klengen mam gudde Fleesch a Gepänz, déi 2 Kéip jeeweils mat der Haut vum Stéier agewéckelt. Dunn huet en den Zeus wiele gedoen. Deen huet dem Prometheus säin Trick zwar duerchkuckt, mä sech näischt umierke gelooss a sech fir dee grousse Pak entscheet. Dës Täuschung huet den Zeus dunn als Ursaach geholl fir dem Prometheus d'Feier ze verwieren. Dee wousst sech awer ze hëllefen an huet e risegen Hallem geholl deen en dunn um Helios sengem Won ugefaangen huet. Sou huet hien de Mënschen d'Feier bruecht.

Den Zeus awer wollt sech fir seng Dot revanchéieren an huet den Hephaistos ugestallt eng wonnerschéi Jongfra ze schafen déi da vun alle Gëtter mat fatalen Done beschenkt ginn ass: d'Pandora. Si huet sech vun de Mënsche bewonnere gelooss, an den Epimetheus huet trotz der Warnung vu sengem Brudder, hiert Geschenk, eng Béchs, entgéintgeholl. Wéi se den Deckel opgemaach hunn, hu sech all Krankheeten, all Iwwel a Péng aus der Béchs verflunn a sech iwwer all Mënschen op der Äerd verbreet. Just eng gutt Eegenschaft war an der Béchs: d'Hoffnung, mä d'Pandora huet den Deckel dropgemaach ier si konnt entwëschen.

Den Zeus war ëmmer nach net zefridden: de Prometheus selwer sollt och nach gestrooft ginn. Vum Hephaistos ass hien un e Fiels am Kaukasus am Stoen ugekett ginn, et krut näischt z'iessen an ze drénken an all Dag huet en Aadler him e Stéck vun der Liewer erausgepickt huet, déi awer ëmmer erëm nogewuess ass. Vill Joerhonnerte sollt seng Qual dauere bis datt den Herakles den Aadler ëmbruecht an de Prometheus befreit huet.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prometheus – Biller, Videoen oder Audiodateien