Provënz Bengo
Ausgesinn
|
| |
| Land | Angola |
|---|---|
| Haaptstad | Caxito |
| ISO 3166-2 | AO-BGO |
| Demographie | |
| Awunner | 351.579 |
| Geographie | |
| Fläch | 31.371,0 km² |
| Landkreesser |
Ambriz, Bula Atumba, Dembos, Nambuangongo, Pango Aluquém, Dande |
|
| |
| D'Provënz Bengo (rout) am Angola | |
Bengo ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Nordweste vum Land.
Der Vollekszielung vun 2014 no hat si 351.579 Awunner, wat 1,4% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[1]
D'Awunner vu Bengo sinn traditionell Ambundu,[2] obwuel sech wärend dem angolanesche Biergerkrich och Bakongo an Ovimbundu-Communautéiten do néiergelooss hunn.
D'Haaptstad vun der Provënz ass Caxito am Landkrees Dande.