Provënz Bié
Ausgesinn
|
| |
| Land | Angola |
|---|---|
| Haaptstad | Kuito |
| ISO 3166-2 | AO-BIE |
| Demographie | |
| Awunner | 1.455.255 |
| Geographie | |
| Fläch | 70.314,0 km² |
| Landkreesser | Kuito |
|
| |
D'Provënz Bié ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Zentrum vum Land.
Der Vollekszielung vun 2014 no hat si 1.338.923 Awunner, wat 5,5% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[1]
D'Awunner vun der Provënz gehéieren zu verschiddene Volleksgruppen; déi gréisst sinn d'Bieno, eng Ënnergrupp vun den Ovimbundu. De fréieren UNITA-Leader Jonas Savimbi staamt aus der Provënz, wat och déi méi staark Verankerung vun där Organisatioun zu Bié erkläert.
D'Haaptstad vun der Provënz ass Kuito.