Provënz Flevoland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Provënz Flevoland
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Lelystad
Fläch


Total: 2.412 km²
Land: 1.410 km²
Waasser: 1.002 km²

Awunner 445.000 (2023)
Bevëlkerungsdicht 315/km² Land
Reliounen Protestantesch: 25 %
Kathoulesch: 12 %
Islamesch: 7 %
ISO 3166-2 NL - FL
Websäit Provënz Flevoland
Lag

D'Provënz Flevoland ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit an der Mëtt vum Land.

D'Haaptstad ass Lelystad an déi gréisst Stad ass Almere.

D'Provënz Flevoland grenzt am Norden un d'Provënz Friesland, am Osten un d'Provënz Overijssel an d'Provënz Gelderland, am Süden un d'Provënz Utrecht an am Südwesten a Westen un d'Provënz Nordholland.

Si läit am Oste vun Amsterdam an ass komplett ënner dem Mieresniveau (bis zu -5 m) ausser den zwou alen Inselen Urk a Schokland.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch ass d'Provënz zesummegesat aus dem Nordostpolder, dem ëstleche Flevoland an dem südleche Flevoland. D'ëstlecht an d'südlecht Flevoland leien an de Reschter vun der aler Zuiderzee. Dozou gehéieren déi méi kleng Deeler wéi d'Veluwemeer, d'Gooimeer, d'Ketelmeer an déi grouss Waasserfläche wéi d'IJsselmeer an d'Markermeer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Land vun der Provënz gouf zanter 1932 komplett dem Mier ofgeknäppt duerch de Bau vum Ofschlossdäich (nl: Afsluitdijk) deen déi al Zuiderzee vum oppene Mier, dem Nordmier trennt. D'Land ass mat der Poldertechnik dréchegeluecht ginn an déi Aarbechten hu bis 1968 gedauert.

D'Provënz krut hiren Numm an definitive Statut als Provënz 1986. (Gesetz vum 27. Juni 1985 mat Akraafttrieden den 1. Januar 1986.)

Landschaft[änneren | Quelltext änneren]

Oostvaardersplassen

De gréissten Deel vun der Provënz gëtt landwirtschaftlech benotzt. Am ëstlechen Deel gi 25 % net fir d'Landwirtschaft gebraucht an am südleche Flevoland sinn dat 50 %.

De Süden ass haaptsächlech geduecht fir Wunnengen als Puffer fir déi déckbesidelt Randstad.

Wéi an de 60zeger Jore festgestallt ginn ass, datt net nach méi landwirtschaftlech Fläche gebraucht géife ginn, ass eng grouss Partie als Naturschutzgebitt oder villméi als Naturentwécklungsgebitt bestëmmt ginn ënner dem Numm Oostvaardersplassen.

D'Gare vu Lelystad

Gemengen an der Provënz[änneren | Quelltext änneren]

Flevoland huet 6 Gemengen.

(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).

  1. Almere (223.000)
  2. Dronten (44.000)
  3. Lelystad (83.000)
  4. Noordoostpolder (50.000) (Haaptstad Emmeloord)
  5. Urk (22.000)
  6. Zeewolde (24.000)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Flevoland – Biller, Videoen oder Audiodateien