Provënz Limburg (Belsch)
Ausgesinn
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Limburg. |
Provënz Limburg | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Belsch |
Regioun | Flandern |
Communautéit | Flämesch |
Chef-lieu | Hasselt |
ISO 3166-2 | BE-VLI |
Awunner | 870.880 (1. Januar 2018) |
Fläch | 2.422,14 km² |
Arrondissementer |
Hasselt Maaseik Tongeren |
Websäit | http://www.limburg.be |
![]() | |
Limburg ass eng vun den 10 belsche Provënzen, am Nordoste vum Land. Se grenzt un Holland (am Norden an am Osten), méi genee un d'hollännesch Provënze Limburg an Nordbrabant, an, an der Belsch, am Westen un d'Provënz Antwerpen an un de Flämesche Brabant an am Süden, a Wallounien, un d'Provënz Léck. Zu der Provënz Limburg gehéiert och Voeren (fr.Fourons), eng Enklav tëscht Holland an der Provënz Léck, déi ëmmer nees fir Problemer am belsche Sproochesträit geféiert huet.
D'Provënz ass 1839 entstanen, wéi, duerch den Traité vu London, d'Provënz Limburg tëscht Holland an der Belsch gedeelt gouf, woubäi d'Meuse als Grenz geholl gouf.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]- Chef-lieu: Hasselt
- Fläch: 2422 km²
- Héchste Punkt: Voeren, 287,5m (och héchste Punkt vu Flandern).
- Wichteg Waasserleef: Meuse, Démer, Geer, Dommel
- Awunnerzuel: 807.555 (1. Januar 2004)
- Arrondissementer: Hasselt, Maaseik, Tongeren
Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]D'Provënz Limburg huet 38 Gemengen.
|
![]() |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Limburg (Province of Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien |