Provënz Luanda

Vu Wikipedia
Provënz Luanda
Bucht vu Luanda
Land Angola
Haaptstad Luanda
ISO 3166-2 AO-LUA
Demographie
Awunner 6.542.944
Sprooch(en) Portugisesch
Geographie
Fläch 18.826,0 km²
Landkreesser Belas,
Cacuaco,
Cazenga,
Ícolo e Bengo,
Luanda,
Quiçama,
Viana
D'Provënz Luanda (rout) am Angola


Luanda ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si ass net mat der Stad Luanda ze verwiesselen, déi d'Haaptstad vun der Provënz Luanda a vun der Republik Angola ass. D'Provënz Luanda läit am Nordweste. Si grenzt am Westen un den Atlanteschen Ozean an um Kontinent un d'Provënz Bengo.

D'Vollekszielung vun 2014 ass op eng Awunnerzuel vu 6.542.944 Persoune komm, wat 26,9 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola entsprécht[1].

Mat enger Fläch vun 2.417 km² ass si e bësse méi kleng wéi d'Groussherzogtum Lëtzebuerg an déi klengst vun den angolanesche Provënzen. Well d'Haaptstad mam selwechten Numm och an där Provënz läit ass si gläichzäiteg och déi Provënz mat de meeschten Awunner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Provënz Luanda – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden op hei