Op den Inhalt sprangen

Provënzen a Südafrika

Vu Wikipedia

Südafrika ass an néng Provënzen agedeelt. No den éischte fräie Walen, no der Apartheid, 1994 goufen d'Bantu Homelands (och nach Bantustan, op Afrikaans Bantoestan) rëm an d'Land agegliddert an déi 4 Provënzen déi zanter 1910 existéiert hunn, goufen opgeléist. Südafrika gouf du ganz nei an néng Provënzen agedeelt. Déi verschidde Provënze sinn an am Ganzen 48 Distrikter an 8 Metropolgemengen agedeelt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Distrikter a Südafrika.

Provënze vun 1994 un

[änneren | Quelltext änneren]
Déi 9 südafrikanesch Provënzen
Provënzen a Südafrika
Nr. op
der Kaart
Provënz Awunner (2011)[1] Geschaten Awunner (2014)[2] Haaptstad Awunner an der Haaptstad (2011)[3] Fläch
(km²)
1Westkap5 822 7346 116 324Kapstad3 740 026129 370
2Nordkap1 145 8611 166 680Kimberley248 041361 830
3Ostkap6 582 0536 786 880Bhisho755 200169 580
4KwaZulu-Natal10 267 30010 694 434Pietermaritzburg618 53692 100
5Fräistaat2 745 5902 786 757Bloemfontein747 431129 480
6Nordwest3 509 9533 676 274Mahikeng291 527116 320
7Gauteng12 272 26312 914 817Johannesbuerg4 434 82718 178
8Mpumalanga4 039 9394 229 323Nelspruit588 79479 490
9Limpopo5 404 8685 630 464Polokwane628 999123 900
Total51 770 56054 001 953Pretoria (Adm.)2 921 4881 219 912

Provënze vun 1910 bis 1994

[änneren | Quelltext änneren]
Opdeelung virun 1994, faarweg markéiert sinn déi verschidde "Bantustanen".

No der Onofhängegkeet vu Groussbritannien 1910 gouf Südafrika a véier Provënze gedeelt:

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Offizielle Recensement vun 2011
  2. Héichrechnung vun 2014
  3. Offizielle Recensement vun 2011