Provënzialrot

Vu Wikipedia
Sigel vum Provënzialrot vu 1531

De Provënzialrot (frz. Conseil provincial) war an der Geschicht vu Lëtzebuerg eng mëttelalterlech juristesch-administrativ Institutioun, déi bis an d'19. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg eng eege Constitutioun krut, existéiert huet.[1] Am Verlaf vun der Zäit, sinn d'Kompetenzen an d'Funktiounsweis vum Provënzialrot vun den ënnerschiddlechen Herrschaften zu Lëtzebuerg ëmmer erëm ugepasst ginn.

Grënnung am Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

De "Conseil de Sa Majesté ez pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny", méi geleefeg "Conseil Provincial" genannt, war eng iwwergeuerdent Autoritéit an en Appellgeriicht fir den ale Lëtzebuerger Territoire. D'Grënnung vum Provënzialrot geet zeréck op d'Zäit vun der Gräfin Ermesinde.

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Op Initiativ vum Karel V. gouf de Provënzialrot am Joer 1531 reforméiert[2][3] an den Nicolas de Naves (ca. 1472 – 1546) gouf President[4].

Vu 1596 u souzen 10 Conseilleren am Provënzialrot: 5 adeleg Conseillers de courte robe a 5 Conseillers de longue robe. Déi leschtgenannt Grupp, déi mat der Zäit ëmmer méi u Bedeitung gewonnen huet, an déi och de President gestallt huet, ware Juristen.

An der Héichzäit vun den Hexeprozesser[änneren | Quelltext änneren]

De Provënzialrot hat vill Afloss a konnt z. B. Hexeprozesser duerch d'Erausgi vun engem Purgatiounsbréif (lettre de purge), op en Enn bréngen. Am Joer 1598 huet de Provënzialrot sou e lafenden Hexeprozess duerch e Fräisproch op en Enn bruecht an huet d'Tribunal drun erënnert, datt virum Ofhale vu sou Prozesser d'Ukloen am Virfeld vum Provënzialrot missten iwwerpréift ginn.

Am Joer 1623 schreift de Provënzialrot op en Neits "dasz oftmals vielle miszbreuch vndt Excessen entweeder durch Unerfarenheit, hinlessigkeit oder boesen Eyffer der Notaren (entstünden)"[5].

Presidente vum Provënzialrot[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Presidente[6] ëm d'Zäit vum Drëssegjärege Krich[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Benninck (Period 1602 – 1632)
  • Johann Caspar Huart (Period 1632 – 1633)
  • N.N. (kee President an der Period 1633 – 1637)
  • Jean d'Everlange (1638)
  • Peter Weims (Period 1639 – 1648)

Ancien Régime[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert dem Joseph II. war de Provënzialrot vu 1782 un zu engem Conseil souverain erhuewe ginn, wat als Auswierkung hat, datt seng Urteeler net méi konnten beim Grousse Rot vu Mechelen ugefecht ginn.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Fonds du Conseil Provincial." In: Hémecht, 16. Jg., nº Heft 2 (01.04.1964), p. 118. (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  • Genot, Gilles (2016): Continuité dynastique et conscience historique dans le duché de Luxembourg. La chronique de Nicolas de Naves (1521). In Hemecht : Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = Revue d'Histoire Luxembourgeoise, 68, p. 5-62
  • Meyers, Joseph (1936): Le siège des nobles. Monographie du palais grand-ducal. - Luxembourg: Éditions des Cahiers luxembourgeois, 1936 P. 17-30, ill., planches.
  • Reichert, Winfried (1993): Landesherrschaft zwischen Reich und Frankreich: Verfassung, Wirtschaft und Territorialpolitik in der Grafschaft Luxemburg von der Mitte des 13. bis zur Mitte des 14. Jahrhunderts (Trierer historische Forschungen, 4/1 u. 2), Trier, 1993, 2 Bände, hier Bd. 2, S. 663-693.
  • Tidick-Ulveling, Marie-Louise, & Schmit, Sandra. (2010). Im Zeichen der Flamme (Lëtzebuerger Bibliothéik 16 16). Mersch: Centre national de littérature.
  • Van Werveke, Nicolas (1889): Notice sur le conseil provincial de Luxembourg, avant la réorganisation par Charles-Quint (c. 1200-1531), in : PSH 40 (1889), p. 253-382.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An der belscher Province du Luxembourg gëtt et vum Numm hier bis haut nach e Conseil provincial.
  2. An der Sigillographie ass de Grousse Sigel vun deem Joer iwwerliwwert, eng Foto ass hei ze gesinn: Comité International de Sigillographie à Luxembourg. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 206/207 (25.07.1970), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg, https://persist.lu/ark:70795/5149bhd3p/pages/4/articles/DIVL376]
  3. Cf. Fonds du Conseil Provincial (1964), p. 119
  4. Cf. Genot (2016), S.5; de Genot verweist och als Referenzen iwwer de Provënzialrot op d'Texter vun Van Werveke (1889), Tandel (1889) a Reichert (1993), woubäi déi vollstännegst Ofhandlung beim Van Werveke ze fanne wier an d'mëttelalterlech Originen vum Provënzialrot am Beschten beim Reichert nozeliese sinn.
  5. Cf. Tidick-Ulveling & Schmit 2010, S. 41f.
  6. Méi eng komplett Lëscht vun de Presidenten virdrun wier bei Tandel (1889) ze fannen.