Proviantmagaséng (Festung Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Proviantmagaséng
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 56.06’’ N
      06° 08’ 07.13’’ O

D'Proviant- a Fourragemagasénger vun der Festung Lëtzebuerg goufe 1733 ënner den Éisträicher an der Hiel (rue des Trois-Glands) gebaut. Si sti biergof vun der Gréngewald-Paart.

Fir als Narungsreserve bei enger Belagerung ze déngen, goufen d'Miel an aner Liewensmëttel an zouenen Holzfässer viru Raten, Mais an anerem Gedéiesch geschützt.

Am Ufank waren dat just hëlze Brake bis 1771 d'hënnescht Fass an d'Säiten Mauere mat Arkade kruten. Déi viischt Fass gouf, sou wéi se haut do steet, warscheinlech an der Zäit vun der Bundesfestung (1815-1866) gebaut.

Haut ginn d'Gebaier vum Staatsmusée als Lager benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mielmagaséng – Biller, Videoen oder Audiodateien