Provënz Gerona

Vu Wikipedia


Gerona
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Katalounien
Haaptstad : Gerona
Fläch : 5.910 km²
Awunner : 706.185 Aw.  (2007 INE)
Lag
Lag vun der Provënz Gerona

Lag vun der Provënz Gerona
Lag vun der Provënz Gerona
Autonom Gemeinschaften - Provënzen

Gerona (kat.: Girona) ass déi klengst vu véier Provënzen an der spuenescher Regioun Katalounien. D'Haaptstad ass Gerona.

Gerona läit am Oste vu Spuenien a grenzt un d'Provënzen Barcelona a Lleida, u Frankräich an un d'Mëttelmier.

2007 gëtt et 706.185 Awunner an der Provënz op enger Fläch vu 5.910 km².

Barcelona ass an 8 Géigenden (Comarques) agedeelt: Ripollès, Garrotxa, Alt Empordà Baix Empurdà, Pla de l'Estany, Gironès, La Selva a Baix Cerdanya.

Déi gréisst Uertschaften nieft der Haaptstad Gerona sinn: Figueres, Blanes, Olot, Lloret de Mar, Salt a Palafrugell, déi all iwwer 20.000 Awunner (2007) hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Provënz Gerona – Biller, Videoen oder Audiodateien