Pulkowo-Observatoire
|
| |
| Typ | astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 084 |
| Datum vum Bau | 7. August 1839 |
| Opgaangen | 7. August 1839 (julianesch) |
| Websäit | https://www.gaoran.ru/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Russland |
| Koordinaten | 59°46'18,001"N, 30°19'34,000"O |
| Héicht | 75 m |
|
| |

De Pulkowo-Observatoire (och Pulkowa) ass dee bekanntsten Observatoire a Russland an zanter laanger Zäit Haaptobservatoire vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschaften. Et steet um Pulkowo-Hiwwel, 18 Kilometer südlech vum Zentrum vu Sankt Petersburg, dem fréiere Leningrad.
Déi héich geographesch Breet (wéi Oslo nëmme 6½° vum Polarkrees ewech) erlaabt Observatiounen, déi vu südlechen Observatoirë wéi Greenwich net gemaach kënne ginn. Pulkowo war de Standpunkt vun der Weltlängebestëmmung 1933 (Uertszäitdifferenz zu Greenwich 2h 01m 18,57s) a gouf 1990 vun der UNESCO an d'Lëscht vum Weltierwen opgeholl.
De Pulkowo-Observatoire ass eng historesch wichteg Fuerschungsplaz, déi nach 1945 deelweis nei ageriicht gouf, ë. a. mat engem Radioteleskop. Den Observatoire ass mat villen Instrumenter aus Däitschland ekipéiert. Bedeitend Astronome wéi den däitsche Friedrich Georg Wilhelm Struve a säi Jong Otto Wilhelm Struve hunn do geschafft.
Den Observatoire gouf 1839 op enger Bëschkopp mat Panorama gebaut. Den Areal vum Observatoire mam Park ass ronn 0,7 × 1 km grouss.
Den éischten Direkter war den däitsche Balt Friedrich Wilhelm Struve, dee virdrun den Observatoire vun Dorpat opgebaut hat. Den Architekt war den Alexander Brjullow.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Vera Ichsanova: Pulkovo/St. Petersburg Spuren der Sterne und Zeiten. Geschichte der russischen Hauptsternwarte, Peter Lang Frankfurt am Main 1995, ISBN 3-631-49253-7== Kuckt och ==
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pulkowo-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
