Pulsatiounsverännerleche Stär

Vu Wikipedia

E pulsatiounsverännerleche Stär ass en normalen, keen entaarte Stär, deen duerch en internen Uregungsmechanismus pulséiert. Bei bal alle pulséierende Stären ass dat de κ-Mechanismus.

Stären déi pulséieren, hunn näischt mat Pulsaren ze dinn. Nieft Stären déi radial pulséieren, déi hir Gréisst an domat hir Hellegkeet änneren, gëtt et och Stären déi net radial pulséieren. Zu deene gehéiert och eis Sonn. Si huet eng fënnef-Minutte Pulsatioun, bei där Welle peroidesch ëm de Stär lafen.

Beispiller fir Pulsatiounsverännerlecher sinn:

  • Delta-Cephei-Stären (radial Pulsatioun), genannt nom Stär δ Cephei. Déi Stären änneren hir Liichtkraaft streng periodesch. Si si gutt fir Distanzbestëmmunge vu Galaxien ze berechnen, well hir Liichtkraaft an d'Period vun der Pulsatioun vuneneen ofhängeg sinn.
  • W-Virginis-Stären
  • BL-Herculis-Stären
  • ZZ-Ceti-Stären
  • Delta-Scuti-Stären
  • RR Lyrae-Stäre (radial Pulsatioun), genannt no dem RR Lyrae, si ganz reegelméisseg mat kuerze Perioden. D'Stäre vun deem Typ schéngen all d'selwecht hell ze sinn, mat ongeféier der 90-facher Sonneliichtkraaft.
  • Mira-Stären (radial Pulsatioun), genannt nom Stär Mira (ο Ceti). Hir Pulsatioun huet eng laang Period an ass net sou reegelméisseg wéi déi vun den Cepheiden.
  • Hallefreegelméisseger (SR)
  • Onreegelméisseger (L)
  • Beta-Canis-Majoris-Stären
  • Alpha-Cygni-Stären
  • PV-Telescopii-Stären
  • Gamma-Doradi-Stären
  • Beta-Cephei-Stären (net radial Pulsatioun)

Portal Astronomie