Op den Inhalt sprangen

Puritec

Vu Wikipedia

Puritec ass den Numm vun engem portable Waasserdesinfectiounsystem, deen op UV-Liicht baséiert.

Et handelt sech ëm eng Luucht, déi UV-C Liicht ausstraalt (UV mat enger ganz kuerzer Wellelängt, awer vill Energie). Dës UV-C Stralen zerstéiere Virussen, Bakteerien a Protozoairen, déi am Waasser sinn, doduerch, datt se hir ADN futti maachen.

Dëse System, dee seng Energie iwwer eng Batterie ka kréien, ass praktesch fir op Reese matgeholl ze ginn a Géigenden, wou d'Waasserqualitéit net ëmmer garantéiert ass.

En huet och den Avantage, datt en dem Waasser keng Chemikalie muss bäiginn, fir et keimfräi ze kréien.

Fir 20 Liter Waasser ze steriliséiere geet et duer, wann d'Luucht eng Véierelsstonn am Waasser un ass.

De Produit gouf vun OSRAM, enger Ënnerfirma vu SIEMENS, entwéckelt.