Quadratmeter

Vu Wikipedia
Eenheet
Norm SI
Eenheetsnumm Quadratmeter
Eenheetszeechen
Geschriwwe Gréisst (n) Flächeninhalt, Uwerfläch, Querschnëttsfläch
Gréisstensymboler
Dimensiounsnumm Fläch
an SI-Eenheeten SI-Basiseenheet
Ofgeleet vun Meter

De Quadratmeter ass eng SI-Eenheet vun der Fläch. Si déngt fir d'Miesse vu Flächen. Ee Quadratmeter ass eng Flächemooss an ass d'Fläch vun engem Quadrat mat der Säitelängt vun 1 Meter.

D'Eenheetenzeeche fir Quadratmeter ass m2. Déi dacks gebraucht Ofkierzungen qm oder m^2 sinn entspriechend dem SI-Eenheetesystem net zoulässeg. Déi Bezeechnunge stamen aus der Fréizäit vun der Schreifmaschinn respektiv vum Computer, wéi déi héichgestallt „2“ nach net duergestallt konnt ginn.

Ëmrechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 10−28 m2 = 1 b (Barn (an der Kär- an Atomphysik))
  • 1 m2 = 1.000.000 mm2 (Quadratmillimeter)
  • 1 m2 = 10.000 cm2 (Quadratzentimeter)
  • 1 m2 = 100 dm2 (Quadratdezimeter)
  • 100 m2 = 1 a (Ar)
  • 10.000 m2 = 1 ha (Hektar)
  • 1.000.000 m2 = 1 km2 (Quadratkilometer)

Ar an Hektar si gesetzlech Eenheeten am Miesswiesen mat beschränktem Uwendungsberäich.

Angloamerikanesch Eenheeten

Quadratmillimeter[änneren | Quelltext änneren]

Ee Quadratmillimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Millimeter mol 1 Millimeter, also 10−6 m2.

D'Eenheetenzeeche fir Quadratmillimeter ass mm2.

Quadratzentimeter[änneren | Quelltext änneren]

Ee Quadratzentimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Zentimeter op 1 Zentimeter, also 10−4 m2.

D'Eenheetenzeeche fir Quadratzentimeter ass cm2.

Quadratdezimeter[änneren | Quelltext änneren]

Ee Quadratdezimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Dezimeter op 1 Dezimeter, also 10−2 m2.

D'Eenheetenzeeche fir Quadratdezimeter ass dm2.

Quadratkilometer[änneren | Quelltext änneren]

Ee Quadratkilometer ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Kilometer op 1 Kilometer, also 1 Millioun m2. Ee Quadratkilometer ass och 100 ha. D'Eenheetenzeeche fir Quadratkilometer ass km2.

Déi ëmmer nach dacks gebraucht Ofkierzung qkm entsprécht net dem internationalen Eenheetesystem.