Quecksëlwer-Kadmium-Tellurid
Quecksëlwer-Kadmium-Tellurid, op Englesch mercury cadmium telluride, ofgekierzt MCT, ass d'Bezeechnung fir eng ternär Hallefleederverbindung aus Kadmiumtellurid a Quecksëlwertellurid.
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]MCT gëtt als Ausgangsmaterial fir Infraroutsensoren agesat. E Beispill dofir ass d'High-Resolution Instrument vun der Raumsond Deep Impact. De Kadmiumundeel un Hg(1−x)CdxTe bestëmmt de Bandofstand an domat d'Wellelängtempfindlechkeet. Jee no Zesummesetzung kann domat d'Cut-off-Wellelängt verréckelt ginn. Bei 0 % Quecksëlwer (also CdTe) ass de Bandofstand maximal 1,5 eV.
Et gouf fir d'éischt am Joer 1958 vun enger Fuerschergrupp an England syntheetiséiert. Opgrond vun der Linearitéit vum photoelektromagnéiteschen Effet vun der Magnéitfeldstäerkt kënnen Dënnfilm-Sensore vun dësem Typ och fir konstruktiv einfach Magnéitometer mat klenger Zäitkonstant agesat ginn.