Quick

Vu Wikipedia
Logo vu Quick zënter 2015

Quick ass eng Fast-Food-Chaîne, déi 1970 an der Belsch gegrënnt gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1971 goung den éischte Quick-Restaurant an der belscher Stad Schoten bei Antwerpen op. A Frankräich gouf den éischte Restaurant 1980 zu Aix-en-Provence opgemaach, an 1983 den éischten zu Lëtzebuerg[1],[2]. No an no goufen och an anere Länner Restauranten opgemaach: an Däitschland (1983-1988), Groussbritannien (1983-1985), Italien (1985-1995), Holland (1995-2000), Andorra (1997-2007), Slowenien (2000-2002), Ungarn (2000-2001), de Vereenegten Arabeschen Emiraten (2003-2010), Algerien (2007-2011), Spuenien (2008-2010), Russland (2008-2014), Tierkei (2015) an Tunesien (2015-2017). Mee ausser der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg goufen d'Quick-Restauranten an den anere Länner ëmmer no e puer Joer zougemaach. Am Marokko war Quick tëscht 2004 an 2013 aktiv, an huet 2016 nees nei opgemaach.

Zu Bréissel gouf 1978 den éischte Restaurant als Franchise opgemaach.

2015 huet de franséische Groupe Bertrand d'Kette mat hire 509 Restauranten opkaaft[3]. Een Deel vun de Restaurante gouf a Burger-King-Restauranten ëmgedeeft, well och déi Mark als Franchise zum Groupe Bertrand gehéiert huet.

Schonn e puer Méint drop goufen déi belsch a lëtzebuergesch Restauranten nees u QSR Belgium, de Franchise-Bedreiwer vu Burger King an deenen zwee Länner weiderverkaaft[4]. De Lëtzebuerger Deel, d'Gesellschaft Happy Quick, hat awer nëmmen zu 55 % dem Groupe Bertrand gehéiert, de Rescht war am Besëtz vum Flavio Becca senger Entreprise Promobe (40 %) a vum Lëtzebuerger Entrepreneur René Faltz (5 %). Och si hunn hir gemeinsam 45 % 2017 un de belsche Quick-Besëtzer verkaaft[5].

2021 huet de Groupe Bertrand och de Rescht vun de franséische Restauranten dem US-amerikanesche Fong HIG Capital verkaaft[6].

Restauranten[änneren | Quelltext änneren]

2023 gouf et an der Belsch 76 an a Frankräich 119 Quicken.

Zu Lëtzebuerg gouf et 2017 nach néng Restauranten,[5] an 2023 just nach dräi: zu Esch-Lalleng, zu Walfer an um Stater Kierchbierg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quick – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. quick.fr: La saga Quick
  2. Paperjam (online): L'inauguration du 8ème Quick au Grand-Duché de Luxembourg renforce la place de N°1 de Quick dans ce pays (25. Mäerz 2010)
  3. standaard.be: Burger King richt pijlen op Quick (28. September 2015)
  4. lavoixdunord.fr: Groupe Bertrand cède les Quick en Belgique et au Luxembourg (25. Juli 2016)
  5. 5,0 5,1 wort.lu: Quick Luxemburg nun in einer Hand vum Laurent Schmit (18. Januar 2017)
  6. capital.fr: Quick appartient désormais au fonds américain HIG Capital, revendu par Groupe Bertrand (2. August 2021)