Quierzy
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | ![]() | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Laon | ||||
Kanton | Vic-sur-Aisne | ||||
Postcode | 02300
keng | ||||
Gemengecode | 02631 | ||||
Koordinaten | 49° 34’ 17’’ N 03° 08’ 39’’ O | ||||
Fläch | 809 ha | ||||
Bevëlkerung | 335 (1999) |
Quierzy (fréier Cariciacum, Carisiacum, Charisagum, Karisiacum) ass eng franséisch Gemeng am Departement Aisne an der Regioun Hauts-de-France. Se läit un den Uwänner vun der Oise tëscht Noyon a Chauny, a war eng al Kinneksstad. Haut ass et just nach e rouegt Dierfche mat 346 Awunner (1999).
Inhaltsverzeechnes
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- D'Buerg vu Quierzy, déi am 15. Joerhonnert op der Festung vun de Bescheef vun Noyon opgeriicht gi war, a vun där haut nach en Tuerm do steet.
- D'kinneklech Residenz vun de Pippiniden a Karolenger, vun deenen et just nach Spure vum Graf ginn.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
- 605: De Protadius, Hausmeier vum Kinnek Theuderich II. stierft do
- 22. Oktober 741: De Karl Martell stierft do
- Pippin de Jonken:
- 742: De Karel de Groussen gëtt (vläicht) do gebuer
- 754: De Pippin iwwerhëlt – op der Synod vu Quierzy d'réimesch Liturgie an de gregorianesche Gesank.
- Januar 754: De Poopst Étienne II. gëtt vum Pippin zu Quierzy empfaangen. Den Traité vu Quierzy gëtt ënerschriwwen, mat deem de Poopst d'Exarchat Ravenna kritt an de Kierchestaat gegrënnt gëtt (d'sougenannt Pippinesch Schenkung). Am Géigenzuch erkennt de Poopst d'karolengesch Dynastie un.
- Karel de Groussen
- September 838: Synod vu Quierzy, op där d'Patere vun der Abtei vu Saint-Calais am Bistum Le Mans veruerteelt ginn.
- 21. Dezember 842: De Charles de Plakapp bestit d'Ermentrud vun Orléans zu Quierzy
- 853: D'Synod vu Quierzy ënner der Presidence vum Hinkmar vu Reims veruerteelt de Gottschalk vun Orbais.
- 16. Juni 877: Kapitularie vu Quierzy: De Karel de Plakapp mécht d'Grofschaften ierflech – domat ass de Feudalismus entstanen.
No 891 hunn d'Normannen sech an der Regioun niddergelooss. Quierzy a seng Ëmgéigend goufen dobäi komplett zerstéiert. Den Hugues Capet, dee léiwer an enger Stad residéiere wollt, huet d'Géigend vu Quierzy un de Bëschof vun Noyon ofgetrueden, deen do eng Festung baue gelooss huet.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Liber Pontificalis
- Codice diplomatico longobardo
- Ivan Gobry: Pépin le Bref
- Georges Bordenove: Charlemagne