Quod erat demonstrandum

Vu Wikipedia

Quod erat demonstrandum, ofgekierzt q. e. d., ass eng laténgesch Expressioun déi een dacks um Enn vu mathematesche Beweiser fënnt, als visuelle Repère vum Ufank vum Text no der Beweisféierung.

Op Lëtzebuergesch iwwersat heescht déi Floskel näischt anescht wéi wat ze beweise war. A Frankräich gëtt dofir d'Locutioun ce qu'il fallait démontrer, ofgekierzt CQFD gebraucht, an an Däitschland was zu beweisen war, ofgekierzt w. z. B. w.

D'Expressioun geet op dat griichescht oper edei deixai zeréck, wat vu ville griichesche Mathematiker vun der éischter Stonn, wéi z. B. dem Euklid oder dem Archimedes, gebraucht gouf.

Hautdesdaags gi Beweiser och dacks duerch d'vollt Quadrat ■, d'oppent Quadrat □ oder den Dièse # ofgeschloss, déi am engleschsproochege Raum üblech sinn an op de Paul Halmos zeréckginn.